Eis Gemengen an Europa

D’JSL well déi europäesch Bindung tëschent de Jugendlechen a Schüler promovéieren. Dobäi sollen an Zukunft bestoend Austauschprogrammer gestäerkt an nei Austauschprogrammer a Gemengen a Schoulen, déi nach keng hunn, etabléiert ginn. Ähnlech wéi beim Erasmus-Stipendium fir Studenten ass den Openthalt am Ausland dobäi zäitlech begrenzt a gëtt vun de Gemenge bzw. Schoulen déi participéiere subventionéiert. Een Austausch kann dobäi vun enger Eenzelpersoun wei och vu ganze Klassen ugefrot ginn.

Austauschprogrammer wei déi heiten, bidden eng Verdéiwung a Verbesserung vun de Sproochekenntnisser. Dëst geschitt duerch den aktiven a regelméissege Gebrauch vun der Friemsprooch. Zousätzlech bitt den Openthalt an enger Gaaschtfamill d’Méiglechkeet eng aner Kultur kennenzeléieren. Domadder gëtt den interkulturellen, europäeschen Dialog gestäerkt esou wéi den Erfahrungshorizont vun de Schüler déi deelhuelen, erweidert.

Eng méi enk Zesummenaarbecht mat Gemengen an der grenziwwergräifend europäescher Groussregioun oder doriwwer eraus géif et de Veräiner vun de Gemengen déi deelhuelen erméiglechen zesumme Projeten organiséieren ze kennen. Denkbar wieren hei beispillsweis grenziwwerschreidend Concerte vu Museksschoulen oder Turnéiere vu Sportsveräiner.

Mir liewen an enger Zäit an där d’Zesummeliewen an den Zesummenhalt mat eisen Nopere wichteg ass. D’Gemengen an hier Bierger presentéieren sech duerch esou eng Zesummenaarbecht weltoppen. Och de lokalen Handel an d’Déngschtleeschtunge géife vun esou enger grenziwwerschreidend an interkommunaler Kooperatioun profitéieren.

Der JSL geet et dobäi virun allem d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen ze stäerken, eng Gemeinschaft ze bilden an doduerch ee gemeinsamt europäescht Gefill ze verbreeden an ze festegen.

  • Promotion de la solidarité européenne entre les enfants et les adolescents
  • Renforcer les programmes d’échange avec les autres pays européens
  • Une collaboration plus forte entre les communes et les régions transfrontalières

Gesond an eiser Gemeng

D’Jongsozialiste setzen sech dofir an, dass de Gesondheetssystem op kommunalem Niveau ausgebaut a verbessert gëtt.

All Bierger am Land soll d’Chance hunn, en onkomplizéierten a séieren Zougrëff op medezinesch Ënnerstëtzung ze hunn, ouni mussen op d’Noutdéngschter zréck ze gräifen. Och wa mir d’Iddi vun de “Maisons médicales” begréissen, esou muss déi Offer awer dréngend erweidert ginn; et ginn aktuell nëmmen dräi maisons médicales am Land, an dat och just bei de Spideeler.

Eng Gemeng soll hire Bierger d’ Méiglechkeet gi schonn op lokalem Niveau kënnen en Dokter ze gesinn, dat och ausserhalb vun de Büroszäiten, dëst mat engem verbesserten ÄBD (“Ärztlicher Bereitschaftsdienst”) oder, wann d’Situatioun et erfuerdert, mat kommunalen oder regionale “Centres médicales”. Konkret stelle mir eis dorënner Gebaier fir, an deenen d’Bierger an hirer Gemeng en Zesummeschloss vun diversen Dokteren an Apdikte fanne kënnen. Dat wier eng dezentral Verdeelung vun de gesondheetstechnesche Mesuren iwwert d’Land an d’Gemengen, a géif och deene Matbierger hëllefen, déi manner mobil sinn.

D’Schafe vu “Centres médicales” géif net just d’Waardezäite fir all Mënsch an de Klinike reduzéiere, well op déi dräi Urgencen am Land nach just bei richtegen Noutfäll misst zréckgegraff ginn, mä et géing doriwwer eraus och d’Personal vun de Kliniken an de Rettungsdéngschter entlaaschten, wat am Noutfall Liewe rette kann. Dëst géing awer och mat sech bréngen, datt d’Awunner vu manner zentrale Gemenge keng sou wäit Weeër méi mussen op sech huelen, wa si en Dokter brauchen.

  • Extension du système de santé au niveau communal
  • Améliorer l’accessibilité aux services médicaux en dehors des heures de bureau
  • Mise en place de “Centres médicaux” communaux ou régionaux
  • Réduction des temps d’attente dans les urgences des hôpitaux grâce à une offre plus décentralisée

Zesummeliewen an eiser Gemeng

Iwwer 46% vun der Bevëlkerung huet eng net-lëtzebuergesch Nationalitéit: eng eemoleg Situatioun an der Welt. Eng gerecht an oppen Integratiounspolitik fir jiddereen ass vun immenser Wichtegkeet fir d’Zesummeliewen. D’Jongsozialiste striewen e Mateneen un, dat vun Toleranz, Solidaritéit a géigesäitegem Respekt geprägt ass.Ënnerscheeder dierfen net zu Géigesätz ginn

Eng aktiv Bedeelegung um alldeegleche Liewe vun de Gemenge muss weider gefërdert ginn. Dëst kann iwwert de Wee vu lokale Veräiner realiséiert gi, souwéi duerch eng Weiderentwécklung vun den ziville Feieren an Duerffester an duerch d’Promotioun vun de “interkulturellen Treffen”. Nieft de Subside solle Veräiner bei der Organisatioun vun de Festivitéite méi ënnerstëtzt ginn. Déi néideg Infrastrukture mussen hire Besoinen entspriechen.

D’Capacitéite fir bezuelbar Sproochecourse mussen an all Gemeng geschafe ginn, mat enger garantéierter Offer vun den dräi offizielle Sproochen. Gemengen sollten eng gewëssen Unzuel vu Poste fir net-Lëtzebuerger reservéieren. Austauschprogrammer am Ausland a spezifesch an de Regiounen aus deenen hier auslännesch Matbierger hierkomme sollen ënnerstëtzt ginn.

Leit mat speziell Bedierfnisser däerfen net benodeelegt ginn. Den Accès zu ëffentlechen Ariichtunge muss fir Matbierger mat ageschränkter Mobilitéit garantéiert sinn. Trottoiren, Parken a Spadséierweeër mussen un hier Besoinen ugepasst sinn. Et solle méi Efforte gemaach ginn, fir Leit mat Behënnerung anzestellen an ze encadréieren, an e reegelméissege Suivi ze assuréieren, dass d’Regelen an d’Quote respektéiert ginn.

Flüchtlingspolitik ass och Gemengepolitik. D’Gemenge musse Wunnenge fir d’Flüchtlingen zu Verfügung stellen an esou gläichzäiteg och dem Staat hëllefe fir eng méi efficace Flüchtlingspolitik ze assuréieren. Nieft Sproochecourse kënnen zesumme mat lokale Veräiner d’Altersheem an Anerer d’Aarbechtsplaze geschafe ginn an eng méi schnell an efficace Integratioun garantéiert ginn.

Leit mat finanziell Schwieregkeeten a mat engem nidderegem Akommes däerfen net ausgeschloss sinn. Nieft finanziell Hëllefe misst och eng Unzuel vun den Entréestickete fir lokal Concerten, Muséeën, a Kino fir Famille gratis zu Verfügung ubidden. Fir Matbierger mat nidderegem Akommes solle Sproochecourse gratis zu Verfügung stoen.

An dëse fir d’Demokratie schwieregen Zäiten ass en regelméissegen Austausch tëschent de Generatiounen an de Gemenge wichteg a sollt regelméisseg stattfannen. Den Austausch tëschent de Senioren a Jonke muss deementspriechend méi gefërdert ginn. Dofir fuerdere mer d‘Schafe vun enger “Commission communale intergénérationnelle”.

D’Sécherheet vun de Bierger ass wichteg. Mier wëllen awer net eng Sécherheet, déi geziilt bestëmmte Minoritéiten oder Bevëlkerungsgruppe soll schikanéieren. D’Police soll fir all Bierger do sinn, muss awer och op Problemer wéi „racial profiling“ sensibiliséiert ginn. Drogepräventioun an de Kampf géint Drogemëssbrauch ass wichteg fir géint Kriminalitéit virzegoen. An Noperschafte kënnen sech d’Bierger zesummendi fir op een an deen aneren opzepassen, wa méiglech och mat fréieren Uerdnungskräften als Uspriechpartner. Wa gréisser Problemer bestinn, kann doduerch d’Gemeng informéiert ginn.

  • Soutien aux associations locales et fêtes civiles, et promotion des rencontres interculturelles
  • Augmentation des capacités des cours de langue (français, allemand, luxembourgeois) abordables
  • Combattre et supprimer les discriminations des personnes aux besoins spécifiques (les personnes à mobilité réduite, aveugles, etc.)
  • Proposer des logements aux réfugiés et favoriser leur intégration par des cours de langue et la collaboration avec des associations locales
  • Garantir la sécurité des concitoyens dans la commune et combattre la toxicomanie

Fir eng Gemeng, déi verständlech an transparent ass

Fir déi Jonk Sozialiste féiert eng méi transparent a kohärent Kommunikatiounspolitik zu enger besserer Biergerbedeelegung a méi Versteesdemech tëschent den Awunner an de Gemengeresponsabelen.

D’Iwwerdroen vun de Gemengerotssëtzunge, grad wéi den “SMS To Citizen Tool” verbesseren d’Kommunikatioun a missten konsequent vun allen Gemengen ëmgesat ginn. Des weideren misst en Informatiounspackage iwwer d’Gemeng fir all nei Awunner zu Verfügung stoen, grad souwéi d’Organisatioun vun Wëllkomensowender wou d’Awunner d’Gemeng an seng Veräiner kenne leiere kënnen.

D’Plattform macommune.lu misst besser fir den Austausch vu “best Practices” tëschent de gemengen ausgenotzt ginn. Esou géif och um nationalen Niveau eng besser Koordinatioun stattfannen.

  • Garantir une communication cohérente et transparent
  • Diffusion des séances du conseil communal et introduire le “SMS to Citizen”
  • Mettre à disposition à chaque nouveau habitant un package d’information
  • Permettre un échange des meilleures pratiques (best practices) entre le communes par une plateforme

Lokal a regional Konzepter fir eis Gemengen

Lokal a regional Produkter sollte méi gefuerdert ginn, awer och de lokale Commerce muss ënnerstëtzt ginn. All nei ugemellte Bierger an enger Gemeng soll an deem Kontext e Wëllkommensbong kréien, mat deem hie fir e bestëmmte Betrag an de lokale Geschäfter akafe kann.

Tëschent lokale Geschäftsleit an der Gemengeverwaltung muss eng enk Zesummenaarbecht garantéiert ginn, domat d’Stadbild erhale bleift. Dozou gehéieren och charakteristesch Geschäfter mat regionale Produkter. An deem Sënn sollt och all Gemeng sollt iwwert eng Mindestunzuel un Klengbetriber a Geschäfter mat Regionalprodukter verfügen, fir sou dem Ëmstand vun der Globaliséierung Stand ze halen an esou Aarbechtsplazen ze schafen. Dobäi soll och séchergestallt ginn, dass d’Produktioun, z.B. an der Agrikultur, nohalteg ass, an net d’Resultat vu Monokulturen ass, wéi et ze oft vu multinationalen Entreprisë gemaach gëtt. Als JSL fuerdere mer och, dass d’Gemenge reegelméisseg Mäert organiséieren, wou nëmmen Händler aus der Regioun hir Wueren ubidden.

Waasser ass e Grondrecht. Duerfir sollt et all Bierger vun der Gemeng méiglech sinn, fräien Zougang zu Drénkwaasser ze hunn. Virun allem am Summer an op besonnesch waarmen Deeg sollten dofir Waasserstatiounen am Zentrum bereet stoen.

  • Promotion des produits locaux et régionaux, ainsi que du commerce local
  • Maintien du paysage urbain grâce à une collaboration étroite entre les commerçants et l’administration communale
  • Soutenir une agriculture durable
  • Accès libre et gratuit à l’eau potable, grâce à des stations d’eau publics

Sport, Kultur an Ëmwelt an der Educatioun wäertschätzen

D’Bildung sollt ëmmer un éischter Stell stoen an net am Laf vun der Zäit nogezu ginn. Während d’Technik an d’Wirtschaft d’Welt ëmmer méi abstrakt erschénge loossen, soll de Bezuch zur Realitéit net verluer ginn. Dofir sollen d’Kanner vu Kleng un d’Méiglechkeet kréien, an hirer Schoul méiglechst vill didaktesche Kontakt mat der Natur ze hunn. All Schoul kéint zum Beispill iwwert en eegene Gaart verfügen, wou de SchülerInnnen d’Bezéiungen tësche Mënsch an Ëmwelt erkläert ginn.

SchülerInnne sollen an alle Bildungsariichtunge fräien Zougang zu Uebst hunn. Schoulen a Kantinne sollten haaptsächlech Iessen aus der Regioun ubidden, net nëmme well dat schlussendlech och méi ëmweltfrëndlech ass, mee och well et de lokalen Handel fërdert. Et muss och séchergestallt ginn, dass d’Fleesch aus enger fairer Déierenhaltung kënnt.

Bildung a Sport musse méi verbonne ginn. An der Schoul sollt eng gesond Liewensweis vermëttelt ginn. An deem Sënn soll en nationale „Schoulsportdag“ realiséiert ginn, wou sech d’SchülerInne kompetitiv vis-à-vis vun anere Schoulen am Land beweise kënnen, mee gläichzäiteg verschidde Sportaarten ausprobéiere kënnen. An deem Zesummenhank léisst sech och en lokale Schoulsportdag organiséieren, wou och d’Grondschoule géinteneen untriede kënnen. Iwwert dëse Wee géif net nëmmen d’Villfalt vun de Sportaarte vermëttelt ginn, mee och den Teamgeescht, d’Fairness an d’Solidaritéit gefuerdert ginn, well do Kanner a Jugendlecher mat deene verschiddensten Originnen openeentreffen a matenee spillen.

Jugendlechen an all Gemeng sollt et méiglech sinn, sech an alle Forme matzedeelen. Engersäits gëllt et, der Jugend eng Stëmm ze verschafen an anerersäits awer och, en oppent Ouer prett zu hunn. An deem Zesummenhank sollten an all Gemeng Raim zur Verfügung stoen, wou déi jonk Kënschtler hier Wierker ausstellen, hier Iddie matdeelen an hire Suerge Gehéier verschafe kënnen.

  • Pour une éducation qui maintient le contact avec la nature
  • Accès libre et gratuit à des fruits de production régionale dans tous les établissements scolaires
  • Offre de produits régionaux et de viande provenant d’un élevage juste et adapté aux besoins des animaux
  • Lier l’éducation au sport et diffuser des valeurs comme le fair-play et la solidarité

Besser Wunne fir eis all

Soziale Wunnengsbau soll weider ausgebaut ginn, dëst am Kader vun enger enker Zesummenaarbecht tëschent dem Staat, de Gemengen a private Promoteuren. D’SNHBM souwéi de Fonds du Logement musse méi finanziell Ënnerstëtzung kréien, fir zu raisonnabele Präisser Wunnenge bauen ze kënnen.

De Bauperimeter muss erweidert ginn an de Staat eng Prioritéit ob der Acquisitioun vu privaten Terraine kréie fir se u privat Promoteuren, de Fonds de Logement oder d’SNHBM ze delegéieren, an engem klore Kader. A ville Gemengen ass de Bauperimeter aktuell net ugepasst un d’Demande déi et fir Logementer gëtt, ouni dass doduerch onnéideg géif d’Ëmwelt geschiedegt ginn. Wa grouss Projete geplangt ginn, soll och d’Liewensqualitéit vun de Leit mat aberechent ginn. Mier wëlle keng Betonsstied an deprimant Citéen, mee en Ëmfeld, wou d’Leit sech wuelfillen, wou Architektur sënnvoll agesat gëtt, fir e positiivt Wunngefill ze schafen.

D’PAGe vun de Gemenge mussen ugepasst gi fir d’Schafe vun neie Wunnraim intelligent an effizient ze gestalten. Am Wunnengsbau mussen nei Konzepter ugewannt ginn, z.B. den Asaz vu Materialien, déi nohalteg sinn, oder Wunnengen, déi et erméiglechen, d’Ëmwelt manner ze belaaschten, duerch e reduzéierten Energieverbrauch. Bauoplage mussen iwwerschafft ginn, domat engersäits Promoteuren un ekologesch an urbanistesch Critèrë gebonne ginn, gläichzäiteg awer d’Prozedure méi vereinfacht a kloer sinn.

Et muss awer op e Gläichgewiicht geuecht ginn: entstinn ze vill nei Wunnengen op ze enkem Raum, bréngt dat Nodeeler fir d’Infrastruktur mat sech, an och d’Liewensqualitéit. De Wuesstem muss lues entstoen an der Situatioun vun den eenzele Gemengen ugepasst ginn. Duerfir ass och eng national Planifikatioun wichteg, déi zesumme mat de Gemengen ausgeschafft gëtt.

Op Gemengenniveau ass en ambitiéise Baulückeprogramm néideg: eidel Wunnenge sollen héich besteiert ginn, wann se no enger gewëssener Zäit net méi verlount ginn. Och bei eidelstoenden Terraine mussen d’Proprietaire responsabiliséiert ginn duerch eng entspriechend Besteierung.

  • Construction de logements sociaux et de logements abordables
  • Un urbanisme intelligent pour tous les projets afins d’améliorer la qualité de vie
  • Extension du périmètre de construction et introduire une priorité d’acquisition de nouveaux terrains pour l’Etat
  • Utilisation de nouveaux concepts dans la construction, comme les matériaux durables
  • Une politique de construction de logements adaptée aux besoins des différentes communes
  • Une taxation élévée des logements vides et non-utilisés ou des terrains vagues

Eng ekologesch Alternativ fir jiddereen

D’Ressourcen op eisem Planéit si begrenzt, trotzdem konsuméiere mer wieder an ëmmer méi wéi wann et onendlech kënnt weidergoen. D’Zukunft vun den nofolgende Generatioune kann nëmmen duerch nei ekologesch Modeller geléngen. Gréisser Gemengen, oder en Zesummeschloss vu klenge Gemengen, kéinten hire Stroum selwer produzéieren, sief et Solar- oder Wandenergie. Jee méi Stroum doriwwer produzéiert a benotzt gëtt, desto méi bëlleg gëtt et och – an se erreeche mindestens déi selwecht Rentabilitéit wéi fossil Energien. A wa Gemengen hiren eegene Stroum produzéieren kéinten och just Bierger aus der Gemeng sech do als Aktionären akafen. Dëst verhënnert, dass multinational Entreprisen ëmmer méi Muecht kréien an ëmmer méi eng Liberaliséierung vum Maart virundreiwen, déi sech bis elo nëmmen zum Nodeel vun der Bevëlkerung gestalt huet. Och den Ausstig aus der Atomenergie kann doduerch erméiglecht ginn. Wichteg ass et dann och, dass de Staat hei e passende legislative Kader schaaft. Et kënnt een och en neie Modell fir Waassertaxen aféieren, mat engem Barème. Waasser ass e Grondbesoin vun all Mënsch, a sollt dowéinst bis zu engem gewëssene Volume gratis sinn. Mee wann een ze vill verschwent, sollt een och deementspriechend bezuelen.

Den Ausbau vum ëffentlechen Transport ass extrem wichteg. Et muss en nationaalt Konzept hier, dat déi eenzel Gemenge berécksiichtegt, an och gréisser Stied aus dem Land besser verbënnt. Virun allem déi nërdlech Gemenge musse besser un de Süden ugebonne ginn, besonnesch an enger Zäit, wou op Belval ëmmer méi Leit schaffen a studéiere kommen. Konzepter wéi Monorail iwwert d’Autobunn, oder den Ausbau vun engem Autobunnrank ronderëm der Stad kéinten a Betruecht gezu ginn, a wäre sécherlech eng sënnvoll Ergänzung, ginn awer bei wäitem net duer. De multimodalen Transport ass an deem Sënn wichteg.  Velosweeër mussen ausgebaut ginn, besonnesch tëschent Nopeschgemengen a fir méi kuerz Distanzen. Déi Velosweeër sollten och intelligent un aneren Transportméiglechkeeten ugebonne sinn (Zuch, Bus, Tram). Konzepter wéi de „Vel’oh“ sollten an nach méi Gemengen ausgebaut ginn, an och hei musse Gemengen zesummeschaffen, esou dass net all Gemeng säin eegene System huet. Den ëffentlechen Transport sollt och selwer mat Hëllef vun erneierbaren Energië fonctionnéieren, wéi z.B. Elektrobusser. Park and Rides op de Grenze bei de Garë sollten och duerfir suergen, dass Parkplaze bei méi klenge Garen net iwwerfëllt sinn, an doduerch net méi vun de lokale Bierger kënne profitéiert gi – wéi et elo scho verstäerkt a ville Gemengen no un de Grenzen ass.

Well d’Stied ëmmer méi Plaz anhuelen duerch de Wuesstem, muss Zersiidlung onbedéngt ageschränkt ginn. Gläichzäiteg muss ënnerhalb vun de Stied och nei Konzepter ausprobéiert ginn, wéi den Urban Gardening. Aplaz alles zouzepléischteren an ze betonéiere, kéinte Plaze geschafe gi, wou Leit eppes uplanzen an och selwer plécke kënnen. Dëst sollt z.B. duerch eng lokal Associatioun geréiert ginn. Och kooperativ Agrarbetriber kéinten e Modell sinn.

  • Réalisation de nouveaux modèles écologiques et coopératifs, p.ex. pour l’énergie renouvelable
  • Un nouveau modèle pour la taxe de l’eau, par l’introduction d’un barême avec un volume minimal gratuit
  • Extension du transport public et multimodal (Autobus, train, vélo, tramway)
  • Un transport public qui utilise de l’énergie renouvelable
  • De nouveaux concepts écologiques et de développement durable, comme l'”Urban Gardening”

Fir eng Stadentwécklung mat Wäitsiicht

De Bevëlkerungswuesstem zu Lëtzebuerg bréngt eng ganz Rei Defie mat sech, déi duerch eng intelligent an nohalteg Stadentwécklung musse geléist a bewältegt ginn. Dobäi kënnt, dass de Beruffstrafic d’Stroosseninfrastrukturen extrem belaascht. Duerfir ass et wichteg, eng Transportpolitik mat Zukunft ëmzesetzen. Mir fuerdere méi Contournementë ronderëm Gemengen (mat spezielle Spuere fir Busser), den Ausbau vu verschidde „pôles économiques“ fir eng besser Verdeelung iwwert ganz Land, a vu Park and Ride Méiglechkeeten. Och Deplacementer bannent de Gemengen, besonnesch a gréissere Stied, mussen duerch en ëffentlechen Transport erméiglecht ginn, z.B. duerch Busser.

Mier wëlle keng Stied, wou de Beton d’Vue dominéiert. D’Gemengen hunn hei eng wichteg Obligatioun a sollten och duerch de Staat ënnerstëtzt ginn. Ëffentlech Parke mat Bänken erméiglechen et de Bierger, sech bei guddem Wieder och kënnen dobaussen opzehalen. D’Verdeelung vun de Parks sollt och intelligent geplangt ginn: amplaz ee risege Park am Zentrum, méi kleng Parke verdeelt iwwert d’Gemeng, esou dass jiddereen eppes dovun huet.

Kanner sollen op hirem Schoulwee net iwwer vill befuere Stroossen oder schlecht beliichten Zebrasträife goe mussen. Et kënne speziell Schoulweeër ugeluecht ginn, déi de Kanner déi gréisstméiglech Sécherheet ginn. Den Zesummeschloss vun Eltere soll duerch d’Gemeng ënnerstëtzt gi fir e Covoiturage an op d’Kanner op de Schoulweeër opzepassen.

Wichteg fir eng Stad ass e gesonde Wuesstem. Quartieren, déi ze staark gewuess sinn, sollte geschützt ginn, z.B. duerch en (temporäre) Verbuet vu weideren Appartementshaiser. E gesonde Wuesstem belaascht net nëmmen de Verkéier an d’Ëmwelt manner, mee léisst enger Gemeng och genuch Zäit, mam Ausbau vun Infrastrukturen op déi demographesch Entwécklung ze reagéieren.

Zukunftsweisend ass och de Konzept vu Smart City. Duerch nei Technologië kënnen déi eenzel Servicer besser connectéiert ginn, de Bierger gëtt besser informéiert wat de Verbrauch vun de Ressourcen, Stroum a Waasser betrëfft, awer och d’Produktioun vun Offall. Smart Cities kënnen dozou bäidroen, dass Servicer méi geziilt an intelligent ugepasst ginn un d’Bedierfnisser vun de Bierger. Dat soll awer net an enger Philosophie geschéie fir e Maximum vu Käschten anzespueren, mee d’Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren.

  • Extension des contournements afin de réduire le trafic au sein des villes
  • Une meilleure répartition des activités économiques et du P&R
  • Aménagement de parc publics et une répartition intelligente des zones vertes dans les communes
  • Aménagement de chemins scolaires plus sûrs, encouragement du covoiturage
  • Une croissance saine qui laisse assez de marge de manoeuvre pour s’adapter au changement démographique
  • De nouvelles technologies au service du citoyen par une meilleure information sur l’utilisation des ressources (énergie, eau, etc.)

Eng Zukunft fir eis Jugend

D’Zukunft vun enger Gemeng kann nëmmen ofgeséchert ginn wa se sech och ëm d’Wuelbefanne vun den zukünftege Generatioune këmmert. Kanner a Jugendlech brauchen an de Gemengen dat richtegt Ëmfeld fir kënnen opzewuessen an hir Fräizäit ze verbréngen. Spillplazen, Terrains multisports oder Skaterpistë si genau esou wichteg, wéi Jugendhaiser, déi och Hëllef ubidde fir verschidde Liewenslagen. Duerch den Asaz vu Streetworker kënne Jonker erëm eng Perspektiv ugebuede kréien. An dësem Kontext sollen och Gemengen de Jugendlechen ouni Aarbecht Plazen ubidden, déi hinnen et erméiglechen, an den Aarbechtsmarché eranzeklammen.

Et ass wichteg, Infrastrukturen auszebauen, fir dass jonk Kënschtler sech kreativ kënnen entfalten. Dat kann esouwuel iwwer Raimlechkeete fir Konschtausstellunge goen, wéi och Proufsäll fir Museksgruppen. Vun esou Infrastrukturen profitéieren net nëmmen déi Jonk, mee déi ganz Gemeng, well se doduerch kreativ Käpp unzitt a gläichzäiteg de jonken Awunner Zougang zu neie Méiglechkeete fir déi perséinlech Entwécklung ubitt.

Fir datt Jonker kënne fir d’Politik begeeschtert ginn, muss d‘Iddi vun de Kanner- a Jugendgemengeréit ausgebaut ginn. Och d’Jugend- a Kannerkommissioune mussen agebonne ginn. Primärschoulen an och Lycéeën musse méi an d’associativ Liewen agebonne ginn, fir dass Kanner a Jonker mat Zäite sensibiliséiert ginn an och nei Méiglechkeeten entdecken, wéi se hir Fräizäit gestalte kënnen. D’Schoul ass net nëmmen do fir Wëssen ze vermëttelen, se soll och virwëtzeg maachen.

Jonker, déi a Familljen mat enger schwiereger finanzieller Situatioun liewen, däerfen op kee Fall aus dem Gemengeliewen ausgeschloss ginn. Geziilt Hëllefen oder Subsidë fir jonk Leit aus engem sozial schwaachen Ëmfeld déi sech méi engagéiere wëllen oder an engem Club matmaachen, droen dozou bäi, Exklusioun opgrond vun Aarmut entgéintzewierken. Wann e Kand net kann an enger Associatioun oder engem Club matmaachen, well d‘Elteren net déi finanziell Mëttel hunn, fir Particiatiouns- oder Aschreiwungsfraisen ze bezuelen (oder zousätzlech Käschten déi kënne opkommen), dann entseet en Däiwelskrees. Keng Suen, keng Entfaltung. Ouni Entfaltung, keng Perspektiven.

  • Un environnement adéquat pour les jeunes, que ce soit des maisons de jeunes, des skateparks, ou des terrains multisports
  • Offrir aux jeunes des perspectives d’avenir et du soutien, grâce à l’engagement de streetworkers et l’offre de postes d’emploi et d’apprentissage
  • Création d’infrastructures pour les jeunes artistes et musiciens
  • Promotion des conseils communaux des jeunes et des enfants (Jugend- a Kannergemengeréit); impliquer les écoles dans la vie associative
  • Des aides et subventions ciblées pour prévenir l’exclusion des jeunes citoyens