Demokratie zu Lëtzebuerg

D’Chrëschtlech-Sozial Jugend, Déi Jonk Gréng, d’Jonk Demokraten an d’Jonk Sozialiste schwätzen sech prinzipiell fir ee Wahlrecht fir Awunner ouni lëtzebuerger Nationalitéit an d’Wahlrecht mat 16 aus. Zesumme wëlle mir ons asetze fir d’Demokratie zu Lëtzebuerg ze moderniséieren an dat iwwert all politesch Weltanschauungen eraus.

D’Wahlrecht fir Awunner ouni lëtzebuerger Nationalitéit

Mir sinn der Meenung, dass d’Wahlrecht net méi un d’Nationalitéit alleng soll gebonne sinn. Den Taux vun den Awunner ouni lëtzebuergesch Nationalitéit leit bei mëttlerweil 44%, a Lëtzebuerg muss Weeër fannen, fir ee groussen Deel vun deene Leit aktiv an ons Demokratie anzebannen. Dëst kann am Beschten iwwert de Wee vun enger Ouverture vum aktive Wahlrecht goen.
Déi am Referendum proposéiert Modalitéiten (eng Residenzzäit vun 10 Joer an d’Obligatioun mussen an Europa- a Gemengewahle matgewielt ze hunn) sinn eiser Meenung no ze restriktiv. Hei musse weider Efforte gemaach gi fir den demokrateschen Defizit ofzebauen an d’Integratioun vun eise Matbierger ouni lëtzebuerger Nationalitéit ze garantéieren.

D’Wahlrecht mat 16 Joer

Déi véier gréisste politesch Jugendorganisatiounen aus dem Land begréissen ee Wahlrecht mat 16 Joer. Jugendlecher, déi sech mat 16 oder 17 Joer fir Politik interesséieren an déi bereet sinn sech op eng Wahllëscht anzeschreiwen, sollen d’Recht kréien, hir Stemm ofzeginn.
D’Chrëschtlech-Sozial Jugend, Déi Jonk Gréng, d’Jonk Demokraten an d’Jonk Sozialiste schwätzen sech an deem Kontext dofir aus, dass d’politesch Bildung an de Schoulen eng méi wichteg Platz muss kréien.

Partizipatiouns- an Diskussiounskultur

D’CSJ, Déi Jonk Gréng, d’JDL an d’JSL begréissen d’Beméiunge vun der Politik, d’Bierger méi anzebannen a si zu Verfassungsännerungen ze befroen. Doriwwer eraus si mir der Meenung, dass d’ Bierger méi systematesch sollen zu wichtege politesche Froe Stellung huelen.
Allerdéngs soll dëst net ouni eng breed Diskussioun am Virfeld geschéien. Mir regrettéieren dass haut, 65 Deeg virum Referendum, dëse breeden Debat an der Gesellschaft nach net genuch stattfonnt huet.