Freie Ministerposten und dann herrscht Frieden

Zu Zäiten, wou Europa an enger Kris stécht a mäer mat enger sozialer, progressiver a mënschlecher Politik eis zukünfteg Erausfuerderunge bewältege mussen, si fréier Politiker wéi de Luc Frieden sécherlech déi falsch Leit.

An dach iwwerleet de Luc Frieden fir an d’lëtzebuerger Politik zréck ze kommen. Dofir schreift hien (als ee vun dräi Auteuren) e Buch mat neoliberale Rezepter fir Europa, e « Geschäftsmodell », wéi d’Auteuren et nennen. Iddien, déi sech léiwer mat engem optimalen Ëmfeld fir Entreprisen an engem flexibelen Aarbechtsmaart beschäftegen, wéi mat sozialen a gerechte Modeller fir déi europäesch Bierger.

Also schlussendlech nach méi vun deem, wat un den Originë vun der Finanzkris läit. Genau dat wat anscheinend fir de Moment an Europa feelt, e grousse Bravo dofir! Et brauch een op dëser Plaz net op dem Luc Frieden seng desastréis Leeschtungen a senger Zäit als Minister anzegoen: blann Law-and-Order-Politik géint déi marginaliséiert Bevëlkerungsgruppen an der Gesellschaft (Flüchtlingen a Prostituéierter) ; de Projet iwwert en « témoignage anonyme » awer keen OPA-Gesetz virun 2006 ; e Budget, dee vu senger eegener Koalitioun net gedroe konnt ginn ; Katar ; Cargolux ; Drock op eng Untersuchungsriichterin ; schlecht Gouvernance am Ministère a bei der Finanziwwerwaachung, etc.

Fir awer no de Wahlen 2013 an der Oppositioun ze bleiwen, dat fënnt de Luc Frieden géing « sengem Charakter » net leien an hien wéilt elo emol Sue maachen. Hien decidéiert säi ministeriellen « carnet d’adresse » un d’Deutsche Bank zu London ze verkafen a kritt dofir de pompösen Titel « Vice Chairmain » (e Lobbyistenjob ouni reelle Pouvoir).

Elo iwwerleet hien awer fir e Comeback an der Politik ze maachen. Et muss enger CSV net gutt goen, wann hire Fraktiounspresident Claude Wiseler dat souguer begréisst. D’CSV an och d’lëtzebuerger Bierger sollte ganz gutt iwwerleeën, op een e Politiker zréck wëll, deen ëmmer nëmmen dann zur Verfügung steet wann et gläich e Regierungsposten ze verdeele gëtt. Dat ass anscheinend a « sengem Charakter », awer deen ass bekanntlech net ganz basis-demokratesch ënnerfiddert.