Sozial, nohalteg, progressiv – Linne vun de JSL fir d’Nationalwalen 2018

Eestëmmeg ugeholl um JSL Nationalkongress vum 31. Mäerz 2018.

  1. Mir wëllen eng Politik, déi net de Sozialstaat ofbaut, déi net un historesch erkämpften Acquise geet. Mä mir wëllen en aktive Staat, dee jidderengem eng Garantie op e würdegt Liewen gëtt an deen aktiv d’Ongläichheeten ofbaut, deen d’Solidargesellschaft fërdert an deen d’Räichtemer gerecht ëmverdeelt :
    • Den Taux vum Aarmutsrisiko vun 16% ob manner wéi 10% erofdrécken ënnerhalb vun enger Legislaturperiod;
    • D’Schafe vun engem Conseil national de lutte contre les inégalités;
    • De Kapital méi besteieren an d’Aarbecht manner;
    • Erhéijung vum Mindestloun:
    • Verréngerung vun der Aarbechtszäit (35 Stonne Woch).
  2. Mir wëllen an alle Beräicher e fortschrëttleche Staat, deen d’Erausfuerderungen vum 21 Joerhonnert erkennt an deementsprechend handelt, mat enger kloer “Feuille de route” an Ziler wou Lëtzebuerg 2030, 2040, 2050 stoe soll, ë.a.:
    • an der nohalteger Entwécklung;
    • am Beräich vun der Digitaliséierung, woubäi och den Begrëff vun der Digitaliséierung vun der Politik muss kloer definéiert ginn (Medienerzéiung, Teletravail, Robotersteier, bedéngungslost Mindestakommes, Datesteier op Entreprisen déi Profit mat den perséinlechen Donnéeë maachen duerch geziilt Reklammen);
    • am interkulturellen Zesummeliewen an der Integratioun duerch d’Sprooch, Zesummebrénge vun de Communautéiten a Verstäerkung vum Dialog ;
    • a Relatioun mat der Globaliséierung ;
    • an der Mobilitéit, duerch gratis ëffentlechen Transport, Carsharing, Ausbau vun der Infrastruktur fir den ëffentlechen Transport.
  3. Mir wëllen e Staat, deen do op Dezentraliséierung setzt, wou et virdeelhaft fir de Bierger ass :
    • Regional a lokal Wirtschaft fërderen;
    • de Gesondheetssystem duerch d’Schafe vun Centres médicaux dezentraliséieren an esou d’Urgencen entlaaschten.
  4. Mir wëllen e Staat, deen d’Educatiounssystem un eis gesellschaftlech Evolutioun upasst, mä och iwwer méi wéi eng Legislaturperiod plangt:
    • Fachiwwergräifend Léieren;
    • Schüler zum kriteschen Nodenken ureegen iwwer hir Ëmwelt, iwwer d’Kultur, iwwer d’Medien;
    • Projete mat de Schüler maachen, wou se aktiv matschaffen an eppes ausschaffen.
  5. Mir wëllen e Staat, deen eng durabel an nohalteg Wirtschaft fördert, wou och un d’Wuelbefanne vun den zukünftege Generatioune geduet gëtt, ouni dass d’Bierger mussen op eppes verzichten :
    • Best practices sammelen;
    • De PIB du bien-être opwäerten an ënnerstëtzen;
    • Aberechnung vun den Externalitéiten (indirekt Auswierkungen op d’Ëmwelt an d’Gesondheet vun de Bierger);
    • Transitiounsgesellschaften aktiv ënnerstëtzen ;
    • Labele fir chemesch oder ongesond Liewensmëttel aféieren aplaz ëmgedréint fir gesond oder biologesch Liewensmëttel ze kennzeechnen ;
    • Mir wëllen eng nohalteg Wirtschaft, vun déi awer och Leit profitéiere kënnen, déi sech biologesch an nohalteg Produkter net leeschte kënnen ;
    • An der Distirubtioun d’Intermédiairen ausschalten, z.B. duerch Kooperative wou d’Produzenten direkt un d’Geschäfter liwweren.
  6. Mir wëllen e Staat, deen de Logementsproblem léist, net doduerch dass alles zougebaut gëtt an domadder och d’Gréngflächen zerstéiert a verréngert, mä duerch :
    • Eng staatlech Immobilienagence, déi och fir d’Iwwerwaachung vun de Präisser zoustänneg ass, a Kooperatioun mat SNHBM ;
    • Ënnerstëtzung vun den Agences immobilières sociales (AIS) ;
    • Präisser vun de Wunnéngen « à coût modéré » afréieren ;
    • Eng besser Kontroll vum Respekt vun de bestoende Gesetzer, z.B. bei den Loyeren, déi net e bestëmmte Prozentsaz vum investéierte Kapital iwwerschreide sollen ;
    • Präisser mussen duerch entspriechend Gesetzer gebremst ginn.
  7. Mir wëllen e Staat, deen d’Verflechtung vun den eenzele politesche Beräicher erkennt, deen eng holistesch Approche huet, an net a Siloen denkt :
    • Eng Educatiounspolitik huet en Impakt op d’Kulturpolitik, esou wéi eng Sozialpolitik en Impakt op d’Wirtschaftspolitik kann hunn. Duerch en Zesummendenke vun den eenzele Beräicher kënnen op deene richtege Plaze verschidde Politike verstäerkt ginn a komplementar fonctionnéieren.
  8. Mir wëllen, dass en Zukunftsministère geschafe gëtt :
    • net nëmme fir d’Erausfuerdunge vum 21. Joerhonnert unzepaken (Digitaliséierung, nohalteg Entwécklung, Ongläichheeten), mä och fir d’Aktioune vun den anere Ministèren zesummen ze bréngen ;
    • deen den Impakt vun enger Politik op anere politesche Beräicher analyséiert.
  9. Mir wëllen e Staat, deen d’Liewensqualitéit vun de Leit verbessert, dee jidderengem d’Méiglechkeet gëtt an der Gesellschaft matzewierken, mä deen hinnen och d’Recht op e würdegt Liewe garantéiert :
    • Duerch eng konkret Verréngerung vun der Aarbechtszäit ass méi Zäit fir Benevolat an den Associatiounen iwwreg, méi Zäit fir Kultur a Sport, méi Zäit fir Famill ;
    • Am beräich vun de Mënscherechter mussen och déi aarm Leit sech kënnen en Affekot leeschten ;
    • De Konsumenteschutz muss opgewäert a verstäerkt ginn, z.B. duerch d’Aféierung vun Labele ;
    • An enger Zäit, wou d’Zivilgesellschaft u Wichtegkeet gewonnen huet, muss och si aktiv vum Staat agebonne ginn an den Decisiounen, well se um Terrain aktiv ass an sech mat de Problemer an der Gesellschaft auskennt.
    • Et sollen z.B. Opfankstrukture geschafe ginn, fir déi Leit déi aus dem Prisong kommen ze guidéieren an erëm an d’Gesellschaft ze integréieren ;
    • Mir huele Kenntnis vum Referendum vun 2015 mee setzen eis awer en longue terme fir eng gestäerkt Participatioun vun der Jugend um politeschen Niveau an notamment duerch ee Wahlrecht ab 16.
  10. Mir wëllen e Staat, deen net op de Wee vun Iwwerwaachung geet oder Repressioun, mee iwwert de Wee vun der Educatioun, vun der Vermëttlung an Zesummenaarbecht, fir Radikalismen an den Haass ze bekämpfen.
  11. Mir wëllen eng staark EU, déi sech net duerch Lobbyiste vu multinationalen Entreprise beaflosse léiss, mee déi op d’Problemer vun den EU-Bierger ageet, déi d’Demokratie an dat europäescht Gefill verstäerkt :
    • Duerch d’Ëmsetzung vun enger aktiver Sozialpolitik ;
    • duerch Transnationallëschten a Spëtzekandidaten ;
    • duerch Ënnerstëtzung vun den vernoléissegte Bevëlkerungsgruppen zu engem méi staarken Europa bäidréit.
1 réponse

Trackbacks (rétroliens) & Pingbacks

  1. […] den Leitlinien, die als Rahmen für das Wahlprogramm dienen sollen, werden elf Punkte angesprochen, die den Kern […]

Laisser un commentaire

Participez-vous à la discussion?
N'hésitez pas à contribuer!

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *