Deng Zukunft ass eis net Egal!
>> Sozial Gerechtegkeet ass keen Thema vun gëschter, mä aktuell wi kaum virdrun.
MIR Jonker brauchen dringend eng Stëmm an der Gesellschaft, well MIR wäerten schlussendlech di Leidtragend vun der Kris sinn. Dofir verteideg mat eis zesummen deng Interessien!
>> Et gëtt héich Zäit fir d’Rudder an d’Hand ze huelen…
…a selwer ze bestëmmen wou et higeet! Mir Jusoen sinn engagéiert Leit ënner 35 Joer, déi d’Häerz um richtege Fleck hunn a sech fir eng gerecht Gesellschaft asetzen. An der Kris ginn di Schwächst oft vergiess. Sou och di Jonk. Mat fatalen Konsequenzen fir eis an all déi wo uno eis kommen.
Et ass un DIR fir ze decidéieren!
Eis Philosophie : Fair Zukunftschancen fir jidereen !
Eist Ziel: Nohalteg a sécher Aarbechtsplazen!
Eis Grondpfeiler: Fräiheet, Solidaritéit an Gerechtegkeet.
>> DENG ZUKUNFT ASS EIS NET EGAL!