Entrées par

Georges SOLD

Generalsekretär Firwat sinn ech Juso ginn? Doheem sinn se ëmmer iwwert Politiker hiergefall: Se bréngen näischt op d’Rei, hunn vun Tuten a Blose keng Ahnung an denke just un hier eege Carrière. Ech wollt e Bléck hannert d’Kulisse kréien. Firwat LSAP? Well ech e roude sinn. Wat sinn meng Ideen? E Beispill: Politiker missten de Mindestloun verdéngen. Dat spuert net nëmme Suen, mee garantéiert […]

Sarah DIEDERICH

Vize-Presidentin Firwat sinn ech Juso ginn? D’Jusoen trauen sech nach ideologesch ze sinn – si stinn nach wierklech hannert de sozial-demokratesche Wäerter. Ech fannen et wichteg, dass si eng eege Meenung hunn a sech och géint hier Mammepartei stellen, wann néideg. Wat sinn meng Ideen? Ech setze mech fir déi an, déi ze oft ignoréiert ginn: déi sozial […]

Elisha WINCKEL

Internationale Sekretär Firwat sinn ech Juso ginn? Solidaritéiet, Chancegläichheet, an eng Politik di de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt, dofir sinn ech an de Jonke Sozialisten. Et war déi richteg Entscheedung. Wat sinn meng Ideen? Haut gëtt et kee besseren Dag fir ze betounen dat et wichteg ass iwwert d’Grenzen eweg ze schaffen. Dofir sätzen […]

Max LENERS

Member Firwat sinn ech Juso ginn? Duerch Auslandserfahrungen ass mir bewosst ginn, dat den Lëtzebuerger Sozialstaat, engem vill Méiglechkeeten offréiert. Dës an Zäiten vun Digitalisatioun, ze erhalen, punktuell ze verbesseren an auszebauen, am Interêt vun dem ganzen Land, dëst kann een just glafwierdeg an enger Partei vertrieden, den Sozialisten. Wat sinn meng Ideen? Duerch den […]

Andy REIFFERS

Member Dovir setzen ech mech an! Jonk op Aarbechtswelt virbereeden Den Jonken Realitéit vermëttelen Bessere Schoul System Kulturell Aspekter vun Lëtzebuerg vermëttelen Mat Kooperatiounen vun Europa esou gutt wéi international mateneen schaffen Aarbechtsplazen schaafen Jonk per Rot em Thema Studien ënnerstëtzen Verbesserung vun sozialen Mëttel Sportlech Weiderbildung Fiert Mënschen do sinn wann Problemer oder Hëllef gebraucht gëtt Meine Ideen sind! Junge Leute auf […]

Denis RAMPIN

Member Firwat sinn ech Juso ginn? Ech sinn Juso ginn well ech eppes bewierken well. Et ass ëmmer einfach sech iwwert Politik opzereegen, mee awer selwer naicht ze maachen. Ech sinn der Meenung dass déi Energie wou een verbraucht wann een sech opreegt iwwert déi aner kann een genau esou gutt verbrauchen fir et selwer besser ze maachen. Firwat dann eben grad Juso? Ma well wann […]

Mikael ÖZKAN

Member Firwat sinn ech Juso ginn? Schonn ganz jonk hunn ech mech schonn fir Politik interesséiert a wollt mech ëmmer engagéiere wou een hëllefe kann an hëllefe misst, a bei de Sozialiste gesinn ech mech am beschte fir eppes kennen ze beweegen. Wat sinn meng Ideen? Meng Ideen sinn, dass een eppes verbessere muss, wou eng Verbesserung verlaangt gëtt, a jidderengem nolauschtere muss ob Räich oder Aarm, Lëtzebuerger oder Auslänner. Eng Reduzéierung vu Aarbechtsstonnen a méi Fräiheet […]