Soziale Wunnengsbau soll weider ausgebaut ginn, dëst am Kader vun enger enker Zesummenaarbecht tëschent dem Staat, de Gemengen a private Promoteuren. D’SNHBM souwéi de Fonds du Logement musse méi finanziell Ënnerstëtzung kréien, fir zu raisonnabele Präisser Wunnenge bauen ze kënnen.
De Bauperimeter muss erweidert ginn an de Staat eng Prioritéit ob der Acquisitioun vu privaten Terraine kréie fir se u privat Promoteuren, de Fonds de Logement oder d’SNHBM ze delegéieren, an engem klore Kader. A ville Gemengen ass de Bauperimeter aktuell net ugepasst un d’Demande déi et fir Logementer gëtt, ouni dass doduerch onnéideg géif d’Ëmwelt geschiedegt ginn. Wa grouss Projete geplangt ginn, soll och d’Liewensqualitéit vun de Leit mat aberechent ginn. Mier wëlle keng Betonsstied an deprimant Citéen, mee en Ëmfeld, wou d’Leit sech wuelfillen, wou Architektur sënnvoll agesat gëtt, fir e positiivt Wunngefill ze schafen.
D’PAGe vun de Gemenge mussen ugepasst gi fir d’Schafe vun neie Wunnraim intelligent an effizient ze gestalten. Am Wunnengsbau mussen nei Konzepter ugewannt ginn, z.B. den Asaz vu Materialien, déi nohalteg sinn, oder Wunnengen, déi et erméiglechen, d’Ëmwelt manner ze belaaschten, duerch e reduzéierten Energieverbrauch. Bauoplage mussen iwwerschafft ginn, domat engersäits Promoteuren un ekologesch an urbanistesch Critèrë gebonne ginn, gläichzäiteg awer d’Prozedure méi vereinfacht a kloer sinn.
Et muss awer op e Gläichgewiicht geuecht ginn: entstinn ze vill nei Wunnengen op ze enkem Raum, bréngt dat Nodeeler fir d’Infrastruktur mat sech, an och d’Liewensqualitéit. De Wuesstem muss lues entstoen an der Situatioun vun den eenzele Gemengen ugepasst ginn. Duerfir ass och eng national Planifikatioun wichteg, déi zesumme mat de Gemengen ausgeschafft gëtt.
Op Gemengenniveau ass en ambitiéise Baulückeprogramm néideg: eidel Wunnenge sollen héich besteiert ginn, wann se no enger gewëssener Zäit net méi verlount ginn. Och bei eidelstoenden Terraine mussen d’Proprietaire responsabiliséiert ginn duerch eng entspriechend Besteierung.
- Construction de logements sociaux et de logements abordables
- Un urbanisme intelligent pour tous les projets afins d’améliorer la qualité de vie
- Extension du périmètre de construction et introduire une priorité d’acquisition de nouveaux terrains pour l’Etat
- Utilisation de nouveaux concepts dans la construction, comme les matériaux durables
- Une politique de construction de logements adaptée aux besoins des différentes communes
- Une taxation élévée des logements vides et non-utilisés ou des terrains vagues
Laisser un commentaire
Participez-vous à la discussion?N'hésitez pas à contribuer!