« Déi Jonk an hir Suergen eescht huelen »
Danielle Filbig nei Co-Presidentin vun der JSL – Max Molitor a Maurice Schwarz op hire Posten fir e weidert Joer confirméiert.
Um Kongress vun de Jonke Sozialisten, de 15. Mäerz zu Mertert am Centre Culturel, gouf eng nei Co-Presidentin gewielt. Nodeems d’Izabela Golinska wärend dem leschte Joer aus beruffleche Grënn huet missen demissionéieren, konnt d’Danielle Filbig zesumme mam Max Molitor eng Majoritéit vun der Stëmmen hannert sech versammelen. Donieft ass och de Maurice Schwarz als Generalsekretär op sengem Poste confirméiert ginn. Den erneierten Nationalbüro zesumme mat der neier Kontrollkommissioun fannt dir ugespéngelt am Dokument.
„Déi Jonk an hir Suergen eescht huelen“ esou de President vun der JSL Max Molitor a senger Ried um Kongress. Den Ausbléck an d’Zukunft wier fir déi Jonk am Moment éischter schwiereg. D’Resultater vun der Polindex-Etude, déi gewisen haten dass d’Vertrauen an d’Demokratie grad bei deene Jonke géif zeréckgoen, wier en Ausdrock vun der Onzefriddenheet vun deene Jonke mat der aktueller Politik. Am Moment géif d’Politik an hir Vertrieder et net fäerdeg bréngen déi Themen, déi déi Jonk interesséieren, ambitiéis unzegoen. Hei huet de Max Molitor och seng eege Partei an d’Flicht geholl. Nëmmen wann een et géing hikréien en ambitiéise Plang fir d’Zukunft duerzeleeën, deen d’Suerge vun de schaffende Leit eescht hëlt, kéint ee bei nächste Walen erëm eng richteg demokratesch Alternativ duerstellen. Donieft ass de Max Molitor och op déi rezent Oprëschtungs-Annoncen agaangen. Fir d’JSL wier kloer: de Finanzement dierft net iwwer Kierzunge beim Sozialstaat oder bei zukünftegen néidegen Infrastruktur-Projete gereegelt ginn.
De Generalsekretär Maurice Schwarz huet déi gutt Zesummenaarbecht mat eise Bezierker, eise Sektiounen a mam Nationalbüro gelueft. Et wiere kruzial Zäite fir eis Partei, hei zu Lëtzebuerg an an Europa. A Momenter an deene konservativ Parteien ëmmer méi de Schëllerschloss mat Rietsextremen a Faschiste sichen, wier et wichteg fir seng Valeuren anzestoen. Fir eis als Jusoen ass op alle Fall kloer: Ni mat Riets! Déi Resolutioun déi e Sonnden um LSAP-Kongress unanime ugeholl ginn ass, war an deem Kader och um Kongress vun der JSL presentéiert ginn.
Donieft huet de JSL-Kongress och eng Resolutioun unanime gestëmmt déi d’Unerkennung vu Palästina gefuerdert huet. Dës Resolutioun fannt dir och nach eemol en annexe.
Memberen vum Nationalbüro 2025:
- Filbig Danielle
- Molitor Max
- Schwarz Maurice
- Antunes de Magalhães Melissa
- Becker Ralph
- Cano Olivier
- Ceman Edvin
- De Matos Hugo
- Ferreira Dylan
- Freitas Dani
- Hoffmann Youn
- Jevdokimov Aleks
- Pauly Jil
- Kieffer Yannick
- Lamas Varela Johnny
- Latic Aldina
- Meyers Lenny
- Morrisova Michaela
- Paulus Joé
- Suglia Julia
- Wies Nathalie
Memberen vun der Kontrollkommissioun:
- Wegener Pit
- Klensch Paul
- Bichel Olivier






Bild von
Amir Vesali

