Lëtzebuerg war ëmmer e Land wat seng auslännesch Matbierger mat oppenen Ärem opgeholl huet an dat wäert och esou bleiwen.
LOOSS DECH NET FIR DOMM VERKAFEN !
Stell Dir e Lëtzebuerg ouni seng auslännesch Matbierger vir. Si droen zu enger lieweger Gesellschaft bäi. Dofir schenk hinnen Däi Vertrauen.
Et gëtt kee Grond fir engem 16 Järegen de Wahlrecht ze verbidden.
Déi Jonk sollen aktiv mathëllefe kënnen a Verantwortung fir hir Zukunft iwwerhuelen.
Un eis ass et de 7. Juni 2015 beim Referendum si dobäi ze ënnerstëtzen an hinnen dat néidegt Vertrauen entgéintzebréngen.
Eis Vize-Presidentin Noémie Patz huet JS um “Lunch Seminar autour du référendum du 7 juin 2015 ” vun der Uni.lu vertrueden an eis Argumenter fir 3 x Jo kloer ënnerstrach.
Den Zougang zu de Wahlen ab 16. Joer op fräiwëlleger Basis ass e Schrëtt an déi richteg Richtung. Déi Jonk sollen aktiv mathëllefe kënnen a Verantwortung fir hir Zukunft iwwerhuelen.
De 24.04 war eng Table ronde vum 100,7 zum Thema Auslännerwahlrecht an der Chambre de Commerce organiséiert.