
D’JSL well déi europäesch Bindung tëschent de Jugendlechen a Schüler promovéieren. Dobäi sollen an Zukunft bestoend Austauschprogrammer gestäerkt an nei Austauschprogrammer a Gemengen a Schoulen, déi nach keng hunn, etabléiert ginn. Ähnlech wéi beim Erasmus-Stipendium fir Studenten ass den Openthalt am Ausland dobäi zäitlech begrenzt a gëtt vun de Gemenge bzw. Schoulen déi participéiere subventionéiert. Een Austausch kann dobäi vun enger Eenzelpersoun wei och vu ganze Klassen ugefrot ginn.
Austauschprogrammer wei déi heiten, bidden eng Verdéiwung a Verbesserung vun de Sproochekenntnisser. Dëst geschitt duerch den aktiven a regelméissege Gebrauch vun der Friemsprooch. Zousätzlech bitt den Openthalt an enger Gaaschtfamill d’Méiglechkeet eng aner Kultur kennenzeléieren. Domadder gëtt den interkulturellen, europäeschen Dialog gestäerkt esou wéi den Erfahrungshorizont vun de Schüler déi deelhuelen, erweidert.
Eng méi enk Zesummenaarbecht mat Gemengen an der grenziwwergräifend europäescher Groussregioun oder doriwwer eraus géif et de Veräiner vun de Gemengen déi deelhuelen erméiglechen zesumme Projeten organiséieren ze kennen. Denkbar wieren hei beispillsweis grenziwwerschreidend Concerte vu Museksschoulen oder Turnéiere vu Sportsveräiner.
Mir liewen an enger Zäit an där d’Zesummeliewen an den Zesummenhalt mat eisen Nopere wichteg ass. D’Gemengen an hier Bierger presentéieren sech duerch esou eng Zesummenaarbecht weltoppen. Och de lokalen Handel an d’Déngschtleeschtunge géife vun esou enger grenziwwerschreidend an interkommunaler Kooperatioun profitéieren.
Der JSL geet et dobäi virun allem d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen ze stäerken, eng Gemeinschaft ze bilden an doduerch ee gemeinsamt europäescht Gefill ze verbreeden an ze festegen.
- Promotion de la solidarité européenne entre les enfants et les adolescents
- Renforcer les programmes d’échange avec les autres pays européens
- Une collaboration plus forte entre les communes et les régions transfrontalières



Fir déi Jonk Sozialiste féiert eng méi transparent a kohärent Kommunikatiounspolitik zu enger besserer Biergerbedeelegung a méi Versteesdemech tëschent den Awunner an de Gemengeresponsabelen.


D’Ressourcen op eisem Planéit si begrenzt, trotzdem konsuméiere mer wieder an ëmmer méi wéi wann et onendlech kënnt weidergoen. D’Zukunft vun den nofolgende Generatioune kann nëmmen duerch nei ekologesch Modeller geléngen. Gréisser Gemengen, oder en Zesummeschloss vu klenge Gemengen, kéinten hire Stroum selwer produzéieren, sief et Solar- oder Wandenergie. Jee méi Stroum doriwwer produzéiert a benotzt gëtt, desto méi bëlleg gëtt et och – an se erreeche mindestens déi selwecht Rentabilitéit wéi fossil Energien. A wa Gemengen hiren eegene Stroum produzéieren kéinten och just Bierger aus der Gemeng sech do als Aktionären akafen. Dëst verhënnert, dass multinational Entreprisen ëmmer méi Muecht kréien an ëmmer méi eng Liberaliséierung vum Maart virundreiwen, déi sech bis elo nëmmen zum Nodeel vun der Bevëlkerung gestalt huet. Och den Ausstig aus der Atomenergie kann doduerch erméiglecht ginn. Wichteg ass et dann och, dass de Staat hei e passende legislative Kader schaaft. Et kënnt een och en neie Modell fir Waassertaxen aféieren, mat engem Barème. Waasser ass e Grondbesoin vun all Mënsch, a sollt dowéinst bis zu engem gewëssene Volume gratis sinn. Mee wann een ze vill verschwent, sollt een och deementspriechend bezuelen.

