Generalsekretär

Firwat sinn ech Juso ginn?

Doheem sinn se ëmmer iwwert Politiker hiergefall: Se bréngen näischt op d’Rei, hunn vun Tuten a Blose keng Ahnung an denke just un hier eege Carrière. Ech wollt e Bléck hannert d’Kulisse kréien. Firwat LSAP? Well ech e roude sinn.

Wat sinn meng Ideen?

E Beispill: Politiker missten de Mindestloun verdéngen. Dat spuert net nëmme Suen, mee garantéiert och, dass just nach déi Politik maachen, deenen et um Häerz leit. Wann een sech wéinst de Sue fir d’Mënschen asetzt, huet een de falsche Beruff gewielt.

Georges Sold

Kontakt: georges.sold@jsl.lu

Vize-Presidentin

Firwat sinn ech Juso ginn?

D’Jusoen trauen sech nach ideologesch ze sinn – si stinn nach wierklech hannert de sozial-demokratesche Wäerter. Ech fannen et wichteg, dass si eng eege Meenung hunn a sech och géint hier Mammepartei stellen, wann néideg.

Wat sinn meng Ideen?

Ech setze mech fir déi an, déi ze oft ignoréiert ginn: déi sozial Schwaach, Schüler, Studenten, aner Benoodelegter. Ech wëll eng Politik mat enger manner egozentrescher Perspektiv, a méi oppenen Aen fir anerer.

Sarah Diederich

Internationale Sekretär

Firwat sinn ech Juso ginn?

Solidaritéiet, Chancegläichheet, an eng Politik di de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt, dofir sinn ech an de Jonke Sozialisten. Et war déi richteg Entscheedung.

Wat sinn meng Ideen?

Haut gëtt et kee besseren Dag fir ze betounen dat et wichteg ass iwwert d’Grenzen eweg ze schaffen. Dofir sätzen ech mech an.

Elisha Winckel

Member

Firwat sinn ech Juso ginn?

Duerch Auslandserfahrungen ass mir bewosst ginn, dat den Lëtzebuerger Sozialstaat, engem vill Méiglechkeeten offréiert. Dës an Zäiten vun Digitalisatioun, ze erhalen, punktuell ze verbesseren an auszebauen, am Interêt vun dem ganzen Land, dëst kann een just glafwierdeg an enger Partei vertrieden, den Sozialisten.

Wat sinn meng Ideen?

Duerch den Wertekonflikt, deen Themen wei Identitéit an Heemescht no fir bréngt, récken déi Sozialfroen mat hirem Verdeelungskonflikt heiansdo an den Hannergrond. Ech well mech dofir asetzen dat mir Sozialisten dofir Suergen, dat béid Konflikter adequat tranchéiert ginn, mam Ziel dat et eisem Land an all sengen Awunner an 10-20 Joer nach besser geet wei Haut.

Max Leners

Member

Trésorière

Member

Dovir setzen ech mech an!

  • Jonk op Aarbechtswelt virbereeden
  • Den Jonken Realitéit vermëttelen
  • Bessere Schoul System
  • Kulturell Aspekter vun Lëtzebuerg vermëttelen
  • Mat Kooperatiounen vun Europa esou gutt wéi international mateneen schaffen
  • Aarbechtsplazen schaafen
  • Jonk per Rot em Thema Studien ënnerstëtzen
  • Verbesserung vun sozialen Mëttel
  • Sportlech Weiderbildung
  • Fiert Mënschen do sinn wann Problemer oder Hëllef gebraucht gëtt

Meine Ideen sind!

  • Junge Leute auf die Arbeitswelt vorzubereiten
  • Festige die Jugendlichkeit zur Realität
  • Besseres Schulsystem
  • Demonstration kultureller Aspekte von Luxemburg
  • Zusammenarbeit mit Europa so gut wie International
  • Arbeitsplätze schaffen
  • Jugendliche zum Thema Studium zuunterstützen
  • Verbesserung der sozialen Mittel
  • Sportliche Weiterbildung
  • Für Menschen bei Problemen oder Hilfe zur Rat stehen

Mes idées sont!

  • Préparer les jeunes au monde du travail
  • Faire de la jeunesse une réalité
  • Meilleur système scolaire
  • Démonstration des aspects culturels du Luxembourg
  • Coopération avec l’Europe et internationale
  • Créer des emplois
  • Soutenir les jeunes sur le sujet des études
  • Amélioration des ressources sociales
  • L’éducation sportive
  • Pour les personnes ayant des problèmes ou de l’aide pour des conseils

My ideas are!

  • Prepare young people for the world of work
  • Make youthfulness a reality
  • Better school system
  • Demonstration of cultural aspects of Luxembourg
  • Cooperation with Europe as well as International
  • Create jobs
  • To support young people on the subject of studies
  • Improvement of social resources
  • Sporting education
  • For people with problems or help for advice

Virwaat sinn ech an den JSL komm?

Wéinst den Jonken Sozialisten vun Lëtzebuerg ! Et ass mir eng Éier mat hinnen zesummen ze schaffen vir eng besser Zukunft  fir déi Jonk .
Mat nationalen esou gutt wei mat internationalen Jonken Leit gedinn ze hunn.
Politesch kennen Welt ze beweegen op Demokratesch Sozialer Basis.

Warum wurde ich Mitglied bei den Jusos Luxemburg?

Wegen den jugendlichen sozialisten von Luxembourg ! Es ist mir eine Ehre mit Ihnen zusammen zuarbeiten für eine bessere Zukunft der Jugendlichen. Mit nationalen so gut wie internationalen jugendlichen Menschen zu tun zu haben, um politisch die Welt zu bewegen auf demokratischer und sozialer Ebene.

Pourquoi suis-je venu aux JSL?

A cause des jeunes socialistes du Luxembourg! Je suis honoré de travailler avec vous pour un avenir meilleur pour les jeunes.
Traiter avec des jeunes gens nationaux et internationaux. Pour déplacer le monde politiquement au niveau démocratique et social.

Why did I come to JSL ?

Because of the youthful socialists of Luxembourg!
I am honored to work with you for a better future for young people.
To deal with national as well as international youthful people.
To move the world politically on Democratic, Social level.

Andy Reiffers

Member

Firwat sinn ech Juso ginn?

Ech sinn Juso ginn well ech eppes bewierken well. Et ass ëmmer einfach sech iwwert Politik opzereegen, mee awer selwer naicht ze maachen. Ech sinn der Meenung dass déi Energie wou een verbraucht wann een sech opreegt iwwert déi aner kann een genau esou gutt verbrauchen fir et selwer besser ze maachen. Firwat dann eben grad Juso? Ma well wann een eppes änneren well an sengem Land, ass et ëmmer am beschten dat an engem sozialisteschen Kader ze maachen wou et an éischter Hand em d’Wuelbefannen vu den Bierger geet.

Wat sinn meng Ideen?

Ech wëll méi eng oppen an transparent Politik schafen, an den Bierger duerch méi Referenden no senger Meenung vun méi groußen Gesetzer froen an mat bestëmmen loossen. Meng ganz Politik ass méi nom Bierger geriicht, si maachen eist Land aus, an ech wëll mat mengen Ideen dem Bierger méi Matsproocherecht ginn an der Politik well et an éischter Hisiicht em d’Wuelbefannen vun eisen Awunner geet.

Denis Rampin

Member
Membre effectif CGJL

Member

Firwat sinn ech Juso ginn?

Well d’Jusoen ëmmer fir dat a stinn vun dem se iwwerzeegt sinn, an net zecken hir Meenung haart an och mol provokativ ze soen.

Wat sinn meng Ideen?

Ech wëll mech fir eng Politik asetzen déi sech duerch nolauschteren kennzeechent an déi net vergësst fir wien se steet a wiem se sech géigeniwwer rechtfäerdegen muss. Dem Mënsch !

Olivier Cano