Member

Firwat sinn ech Juso ginn?

Well d’Jusoen ëmmer fir dat a stinn vun dem se iwwerzeegt sinn, an net zecken hir Meenung haart an och mol provokativ ze soen.

Wat sinn meng Ideen?

Ech wëll mech fir eng Politik asetzen déi sech duerch nolauschteren kennzeechent an déi net vergësst fir wien se steet a wiem se sech géigeniwwer rechtfäerdegen muss. Dem Mënsch !

Olivier Cano

Member

Member
Membre suppléant CGJL

Firwat sinn ech Juso ginn?

Well d‘Jugend ass d‘Zukunft vun dësem Land, an et ass ganz wichteg fir engagéiert  ze sinn, a matzehëllefen fir d‘Zukunft vu Lëtzebuerg mat opzebauen.

Wat sinn meng Ideen?

Den progrès oder  Fortschrëtt ass net deen , deene Leit méi ze ginn déi vill hunn , mee deene Leit genuch ze ginn déi net vill hunn, fir hinnen ze hëllefen dat si kënne besser liewen. Dat ass meng Philosophie well ech si fir e Wuelfaartsstaat   mat sozialer Gerechtegkeet.

Emanuel Kamura

Member

Firwat sinn ech Juso ginn?

D‘Jusoe stinn ëmmer zu hiren Iddien a setzen sech vir eng méi gerecht Gesellschaft an.

Wat sinn meng Ideen?

Vir mech ass gutt Politik wann se mat de Leit, an am Sënn vun de Leit gemaach gëtt, an net iwwer d’Käpp vun de Leit ewech, dofir wëll ech mech asetzen.

Jeff Schreiber

Member

Firwat sinn ech Juso ginn?

Als ganz Jonken hunn ech mech schonn un der Idee gestéiert dass an dësem Land an op dëser Welt net jiddereen à priori déi selwecht Chancen sollt hunn, fir d‘Entwecklung an d‘Gestaltung vu sengem Liewen. Fir mech gouf et do nëmmen eng Partei déi sech mat kloren an awer och realiséierbaren Ideeën fir d‘Chancegerechtegkeet agesat huet: d‘LSAP, d‘Sozialisten. 

Wat sinn meng Ideen?

Mir ass et immens wichteg fir déi Jonk un d‘Politik erunzeféieren, a si derfir ze interesséieren. Alles wat haut bestëmmt gëtt, betrëfft eis muer. Sief et a punkto Wahlrecht, Familljepolitik, Entreprenariat oder am Logement, wou endlech massiv eppes ënnerholl muss ginn.

Ben Streff