D’Jonk Sozialisten hunn op hirem Kongress läschten Weekend eng nei Spëtzt gewielt.

D’Mélissa ANTUNES DE MAGALHÃES (Bissen, 26 Joer) an den Olivier CANO (Steesel, 27) iwwerhuelen, mat iwwert 90% vun de Stëmmen, d’Funktioun vun der Presidence. De Mehmed KUČ (Schieren, 30) ass och mat iwwer 90%, als neien JSL-Generalsekretär designéiert ginn.
Gemeinsam mam Nationalbüro wäerten si d’Geschécker vun der JSL leeden an dofir suergen dass d’JSL och weiderhin eng staark Stëmm fir eng progressiv Politik an der LSAP an am Land bléift.
D’Jonk Sozialiste soen dem Max Molitor, dem Danielle Filbig (Ex-CoPresidenten) an dem Maurice Schwarz (Ex-Generalsekretär) e grousse Merci fir hiert Engagement iwwert déi läscht Joren. Ënnert hirer Féierung huet d’JSL signifikativ zu der Erneierung vun der LSAP
bäigedroen.


