Wann et em Belästegung vun Fraen geet, gëtt am Moment oft esou diskutéiert, dass dat dach waer well si ze kuerz Juppen, ze enk Boxen oder een ze déiwen Dekolletee haten. Oft gëtt et dann esou duergestallt, wei wann d‘Fraen duerch hiert “Outfit” wollten, dass si belästegt oder ugepaakt ginn. Ëmmer erëm gëtt bei esou Virfäll be-haapt, dass wann een esou ugedoen ass, een sech esou eppes erwaarden kann oder muss.
D’Komplexitéit vun enger Fra op hiere Kierper ze reduzéieren oder hiere Cha-rakter mat der Aart a Weis wéi si sech undeet ze vergläichen, ass e schiedleche Wee fir Frae hir Mënschlechkeet ze verleegnen. Tatsächlech, wéi kënne Mee-dercher a jonk Frae sech beméien fir sech ze emanzipéieren wann een hinnen hiert Recht ewech hëlt, sech duerch hier Garderob ze expriméieren?
Den onglécklechen Duebelstandard ass datt eis männlech Kolleegen seelen, wann iwwerhaapt, op hiere Kierper reduzéiert ginn, wann se deen weisen. Wéi kann et dann sinn, dass jonk Meedercher sech sollten vun kleng un ofde-cken an “passend” undoen, fir sexuell Verstéiss ze vermeiden an datt Jongen offenbar gläichzäiteg mol net richteg opgekläert an erzunn ginn, wat d‘Zoustëmmung, d‘Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Fra ugeet?
De Code Vestimentaire, deen virun Kuerzem am Lycée Classique Diekirch agefouert gouf, ass – no den Erklärungen vum LCD – ënner anerem geholl ginn well “[…] de Lycée net nëmmen ee Bildungsoptrag hätt, mee och zu engem gewëssen Deel eng Erzéiungsaarbecht leeschte misst. Besonnesch fir jonk Meedercher wier dëst villäicht heiansdo néideg, well Si sech villäicht net bewosst wieren, wéi verschidden Tenue vun anere Leit opgeholl géifen.”1 Dat géing bedeiten, Fraen missten sech anescht undoen fir dass si och keng falsch Signaler senden, an fir dass et och net zu Virfäll wéi sexuelle Belästegungen kënnt. Hei fënnt also eng kloer Legitiméierung vu sexuell mo-tivéierten Iwwerfäll opgrond vun Kleedung statt. Am Joer 2020 dierf dat einfach net méi geschéien! Et muss endlech verstane ginn, dass egal wéi eng Fra sech undeet oder wat si undeet, si dat net mécht fir iergendeen ze provozéieren. Mam Aféieren vun dësem Code Vestimentaire gëtt d’Approche, dass d‘Fraen sech net sollen und-oen, wei se wëllen mee just esou, dass se esou diskriminéierend Virfäll vermeiden kennen, just renforcéiert – an dat an engem Lycée! Esou sexistesch Strukturen sollten grad NET am Bildungssystem promouvéiert ginn.
Ass et iwwerhaapt d´Aufgab vum Enseignement sech duerch en Dresscode zu dem Thema ze positionéieren an esou Erzéiungsaarbecht ze leeschten? Wann jo, dann nëmmen duerch Sensibiliséierungs- an Opklärungsaarbecht, déi d`Schold net bei der Sexualiséierung vum weiblechen Kierper sicht mee déi virun allem vermëttelt, dass een ni d´Recht huet eng Tenue als iergendeen Signal ze interpretéieren. An eisem Bildungssystem sollt eis dach grad bäibruecht ginn, dass egal wéi eng Persoun uge-doen ass, dat kengem d’Recht gëtt een ze verurteelen oder einfach aneschters ze behandelen opgrond vun deem wat en dréit.
Woubäi d’Verbuet Kapen, Mutzen, Kopfhörer an Sonnebrëller ze droen jo souwuel Jongen wéi Meedercher betrëfft, riicht sech Verbuet fir Bauch, Réck oder Broscht ze weisen jo eendeiteg un Meedercher. Dobäi kënnt, dass e bëssen Bauch oder Réck weisen elo einfach an der Moud ass, an wann Meedercher dat gefält, sollten si och d’Recht hunn sech esou unzedoen wei si wëllen an wei si sech wuelfillen.
D´Schlësselwuert Selbstbestëmmung sollt an dëser Debatte grouss geschriwwen ginn. Et ass nämlech genau dorunner wou et mangelt. All Meedchen sollt wëssen, dass hat selwer iwwert sech an seng Tenue entscheeden dierf an, dass dëst net vun engem Code Vestimentaire diktéiert gëtt. D´Initiative, en Dresscode am 21 Joerhon-nert anzeféieren ass net zäitgeméiss an bewierkt eng Debatte déi veraalt ass. Et ass net konstruktiv doriwwer ze diskutéieren wat Meedercher undoen oder net undoen “dierfen”, mee éischter sollt en Discours doriwwer gefouert gi wat mir als Gesell-schaft un der iwwerdriwwener Sexualiséierung vum weiblechen Kierper änneren kënnen.
Das Nationalbüro der Jeunesses Socialistes Luxembourgeoises, am 24.09.2020
Autorinnen: Jil Feipel, Sabrina Hellinghausen, Samira Merenz, Sarah Mendes, Saskia Dostert