Wunnen ass a bleift e Mënscherecht!

“Jeder hat das Recht auf einen Lebensstandard, der seine und
seiner Familie Gesundheit und Wohl gewährleistet,
einschließlich Nahrung, Kleidung, Wohnung […].”

Artikel 25 vun der Mënscherechtscharta

Wunnen zu Lëtzebuerg gëtt nach ëmmer all Mount méi deier.

An dat obwuel sech elo schon vill Jonker dat net leeschte kennen. Dat ass d’Resultat aus 30 Joer CSV Wunnengspolitik.
Dowéinst fuerdere mir:

⇒ E systematescht Virkafsrecht vu Staat a Gemengen op allen
Terrainen fir kennen Wunnengen dropzebauen.

⇒ Eng progressiv Besteierung vun eidel stoenden Haiser an
Appartementer, grad su wéi vu broochleienden Terrainen, fir
Drock op d’Präisser an d’Spekulanten ze maachen.

⇒ D’Festleeën vun engem raisonnabele Maximum-Loyer op
Basis vun engem “Mietspiegel”.

⇒ En graduellt Afréiere vum “Bëllegen Akt”. D’Ofschafen ab
engem bestëmmten Akommes dierf net op d’Käschten vun
deene goen, di sech och elo schonns knapp eng Wunneng
leeschten kënnen, egal op jonk, aal, Single oder bestued.

⇒ De konsequenten Ausbau vu Sozialwunnengen.

⇒ Un den Revenu gekoppelt Subventiounen vum Staat fir
d’Bezuele vun den Zënsen vum Prêt fir eng Wunneng.

Well deng Zukunft ass eis net egal!

Downloads:

Flyer (op lëtzebuergesch)

Texte de Position (2 pages en français)

0 réponses

Laisser un commentaire

Participez-vous à la discussion?
N'hésitez pas à contribuer!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *