D’Ressourcen op eisem Planéit si begrenzt, trotzdem konsuméiere mer wieder an ëmmer méi wéi wann et onendlech kënnt weidergoen. D’Zukunft vun den nofolgende Generatioune kann nëmmen duerch nei ekologesch Modeller geléngen. Gréisser Gemengen, oder en Zesummeschloss vu klenge Gemengen, kéinten hire Stroum selwer produzéieren, sief et Solar- oder Wandenergie. Jee méi Stroum doriwwer produzéiert a benotzt gëtt, desto méi bëlleg gëtt et och – an se erreeche mindestens déi selwecht Rentabilitéit wéi fossil Energien. A wa Gemengen hiren eegene Stroum produzéieren kéinten och just Bierger aus der Gemeng sech do als Aktionären akafen. Dëst verhënnert, dass multinational Entreprisen ëmmer méi Muecht kréien an ëmmer méi eng Liberaliséierung vum Maart virundreiwen, déi sech bis elo nëmmen zum Nodeel vun der Bevëlkerung gestalt huet. Och den Ausstig aus der Atomenergie kann doduerch erméiglecht ginn. Wichteg ass et dann och, dass de Staat hei e passende legislative Kader schaaft. Et kënnt een och en neie Modell fir Waassertaxen aféieren, mat engem Barème. Waasser ass e Grondbesoin vun all Mënsch, a sollt dowéinst bis zu engem gewëssene Volume gratis sinn. Mee wann een ze vill verschwent, sollt een och deementspriechend bezuelen.
Den Ausbau vum ëffentlechen Transport ass extrem wichteg. Et muss en nationaalt Konzept hier, dat déi eenzel Gemenge berécksiichtegt, an och gréisser Stied aus dem Land besser verbënnt. Virun allem déi nërdlech Gemenge musse besser un de Süden ugebonne ginn, besonnesch an enger Zäit, wou op Belval ëmmer méi Leit schaffen a studéiere kommen. Konzepter wéi Monorail iwwert d’Autobunn, oder den Ausbau vun engem Autobunnrank ronderëm der Stad kéinten a Betruecht gezu ginn, a wäre sécherlech eng sënnvoll Ergänzung, ginn awer bei wäitem net duer. De multimodalen Transport ass an deem Sënn wichteg. Velosweeër mussen ausgebaut ginn, besonnesch tëschent Nopeschgemengen a fir méi kuerz Distanzen. Déi Velosweeër sollten och intelligent un aneren Transportméiglechkeeten ugebonne sinn (Zuch, Bus, Tram). Konzepter wéi de „Vel’oh“ sollten an nach méi Gemengen ausgebaut ginn, an och hei musse Gemengen zesummeschaffen, esou dass net all Gemeng säin eegene System huet. Den ëffentlechen Transport sollt och selwer mat Hëllef vun erneierbaren Energië fonctionnéieren, wéi z.B. Elektrobusser. Park and Rides op de Grenze bei de Garë sollten och duerfir suergen, dass Parkplaze bei méi klenge Garen net iwwerfëllt sinn, an doduerch net méi vun de lokale Bierger kënne profitéiert gi – wéi et elo scho verstäerkt a ville Gemengen no un de Grenzen ass.
Well d’Stied ëmmer méi Plaz anhuelen duerch de Wuesstem, muss Zersiidlung onbedéngt ageschränkt ginn. Gläichzäiteg muss ënnerhalb vun de Stied och nei Konzepter ausprobéiert ginn, wéi den „Urban Gardening“. Aplaz alles zouzepléischteren an ze betonéiere, kéinte Plaze geschafe gi, wou Leit eppes uplanzen an och selwer plécke kënnen. Dëst sollt z.B. duerch eng lokal Associatioun geréiert ginn. Och kooperativ Agrarbetriber kéinten e Modell sinn.
- Réalisation de nouveaux modèles écologiques et coopératifs, p.ex. pour l’énergie renouvelable
- Un nouveau modèle pour la taxe de l’eau, par l’introduction d’un barême avec un volume minimal gratuit
- Extension du transport public et multimodal (Autobus, train, vélo, tramway)
- Un transport public qui utilise de l’énergie renouvelable
- De nouveaux concepts écologiques et de développement durable, comme l'”Urban Gardening”
Laisser un commentaire
Participez-vous à la discussion?N'hésitez pas à contribuer!