Eng Pensiounsreform op d‘Käschte vun de Jonken
Dat virun deem mir als Jonk Sozialisten an de läschte Wochen a Méint ëmmer erëm gewarnt hunn, ass genau esou agetrueden. Op eng komplett onsolidaresch Aart a Weis gëtt de Generatiounevertrag opgebrach. Leit déi kuerz virun oder schonn an der Pensioun si brauchen nëmmen näischt ze fäerten. Jonker, déi haut ufänke mat schaffen, wëssen awer säit gëschter: si musse méi laang schaffe goen an dat fir eng manner héich Pensioun.
Den Niewesaz, an deem de Premier seng Pläng op eng onverständlech Aart a Weis presentéiert huet, sinn Dynamit fir den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Jonk Leit sinn alt erëm déi, déi zeréckstieche mussen, dat an engem Moment wou grad hir Zukunftsperspektiven esou onduerchsiichteg sinn ewéi dat nach bei wéinege Generatioune virdrun de Fall war.
Donieft ass déi erzwongen Erhéijung vum Pensiounsalter och sozial ongerecht. Si trëfft virun allem déi Leit, déi kierperlech ustrengend Aarbechte maachen an doduerch och eng manner héich Liewenserwaardung hunn. Dat ass brutal an inakzeptabel.
Déi 5 Jugendparteien (CSJ, Jonk Demokraten, déi Jonk Gréng, déi Jonk Lénk an d’ Jonk Sozialisten) haten uganks Mäerz kloer gestallt, dass mir zu 5 um Prinzip vun de 40 Annuitéite festhalen.
Als Jonk Sozialiste wäerte mir eis géint d’Pläng vun der Regierung wieren an halen eis et net vir eegen Aktiounen, elleng oder a Koordinatioun mat anere Jugendorganisatiounen, ze starten fir eis Onzefriddenheet iwwert d’Politik vun der CSV-DP Regierung ze weisen.





Laisser un commentaire
Participez-vous à la discussion?N'hésitez pas à contribuer!