Oppe Grenzen, Oppen Häerzer
Europa Dag 2020
Elisha Winckel & Gledis Kryeziu
Kéint ee wéi e Viltgen iwwert Europa fléie géing e méi wéi di Jore virdrun erkenne wou e Land ophält an dat anert erëm ufänkt. De Grond? Grenzkontrollen, an de Stau déi se automatesch mat sech bréngen, si géint all Europäesche Grondgedanken, erëm en Deel vun eisem Alldag. Dobäi sinn d’Grenzen net komplett zou. Grenziwwergräifende Verkéier ass méiglech, soulaang een en “essentielle” Grond huet. Wat soll een dorënner verstoen? An de meeschte Fäll heescht et: Aarbechter*innen & Wueren aus dem Ausland kënnen hin an hier. Alles wat net an déi zwou Kategorië gehéiert gëtt, méi oder manner frëndlech, gebieden erëm ëmzedréinen. An anere Wierder stinn d’Dieren op fir d’Wirtschaft awer net fir d’Mënschen.
Verstitt eis net falsch, et ass wichteg datt d’Produktiounsketten net ënnerbrach ginn. Lëtzebuerg géing och ouni déi dausende Frontalieren déi dagdeeglech iwwert d’Grenz kommen net fonctionéieren. Mee wat ass mat de Leit déi an de Grenzregiounen hei zu Lëtzebuerg, an an Europa liewen? Hiert d’Liewe gouf ferme op de Kapp gestallt. Kee Fleesch méi vum Metzger an Däitschland. Keng Mëtschen aus der franséischer Boulangerie. Oder wat ass mat deene Leit di Léift op der aner Säit vun der Grenz fonnt hunn, an déi Persoun säit Wochen net méi konnten an d’Äerm schléissen. An de Käpp vun all deenen existéieren d’Grenze scho laang net méi. Eenzelgäng vun National Staaten zerstéieren dëst Réalitéit mat engem Schlag a bréngen nëmmen erëm Gefiller ervir déi an d’Vergaangenheet gehéieren. Dëst ass net dat Europa wat mir Bierger*innen eis wënschen. Ganz am Géigendeel, mir seenen eis no engem Europa vu Solidaritéit. Eent wou de Reflex net den ass sech vun aneren zeréck zeie soubal et méi schwiereg gëtt. Et ass en Europa vun Diversitéit, Gemeinschaft, an dem Respekt viru Mënsch an Ëmwelt. Virun allem ass et och en Europa mat oppene Grenzen.
Am Kär ass den Europäesche Projet ee vu Fridden. D’Hoffnung war deemools dat duerch d’Zesummeleeë vun, als éischt Kuel- a Stolindustrien, dono der ganzer Wirtschaft de Krich tëschent Noperen ondenkbar gëtt, an d’Bevëlkerung vun de verschiddene Länner an enger Unioun zesumme wunnen. Mir sinn um gudde Wee dohinner, mee d’Coronakris huet de Glawen un eng Europäesch Solidaritéit staark strapazéiert. Onkoordinéiert Aktioune vun den eenzele Memberstaaten hunn de Glawen un eng Europäesch Gemeinschaft och net grad gestäerkt. Wéi oppe Grenze fir Aarbecht, Wueren a Servicer beweisen, ass d’EU méi no un enger Wirtschaftsunioun, wéi un enger vu Solidaritéit a gemeinsame Wäerter. Aktioune wéi d’Zoumaache vun de Grenzen ënnersträichen dat nëmme méi well de Virus net bei de Grenzen ophält an duerch esou Moossnamen net gebremst ka ginn. D’EU ass net perfekt, mee et ass un eis dorunner ze schaffen an den Toun un ze ginn. D’EU a seng Memberstaaten mussen sech, elo an an Zukunft, méi solidaresch weisen an als Eenheet agéieren. Eis Zil soll a muss et sinn zesummen ze schaffe fir d’Wuelbefanne vu Millioune vu Mënschen ze garantéieren.
Den éischte Schrëtt den se dozou elo scho maache kéinten? All Bannegrenzen haut op dësem dag, europawäit fir jiddwereen opzemaachen.
Net nëmmen d’Wueren an d’Aarbechtskraaft sollen d’Méiglechkeet hunn iwwer d’Grenze kënnen ze goen, mee jiddwer Europäer*in.
Wéi de Jacques Delors et nämlech schon gesot huet: “Et verléift sech keen an e gemeinsame Bannemaart”.