Generalsekretär
Firwat sinn ech Juso ginn?
Doheem sinn se ëmmer iwwert Politiker hiergefall: Se bréngen näischt op d’Rei, hunn vun Tuten a Blose keng Ahnung an denke just un hier eege Carrière. Ech wollt e Bléck hannert d’Kulisse kréien. Firwat LSAP? Well ech e roude sinn.
Wat sinn meng Ideen?
E Beispill: Politiker missten de Mindestloun verdéngen. Dat spuert net nëmme Suen, mee garantéiert och, dass just nach déi Politik maachen, deenen et um Häerz leit. Wann een sech wéinst de Sue fir d’Mënschen asetzt, huet een de falsche Beruff gewielt.
Kontakt: georges.sold@jsl.lu