D’Jongsozialiste setzen sech dofir an, dass de Gesondheetssystem op kommunalem Niveau ausgebaut a verbessert gëtt.
All Bierger am Land soll d’Chance hunn, en onkomplizéierten a séieren Zougrëff op medezinesch Ënnerstëtzung ze hunn, ouni mussen op d’Noutdéngschter zréck ze gräifen. Och wa mir d’Iddi vun de “Maisons médicales” begréissen, esou muss déi Offer awer dréngend erweidert ginn; et ginn aktuell nëmmen dräi maisons médicales am Land, an dat och just bei de Spideeler.
Eng Gemeng soll hire Bierger d’ Méiglechkeet gi schonn op lokalem Niveau kënnen en Dokter ze gesinn, dat och ausserhalb vun de Büroszäiten, dëst mat engem verbesserten ÄBD (“Ärztlicher Bereitschaftsdienst”) oder, wann d’Situatioun et erfuerdert, mat kommunalen oder regionale “Centres médicales”. Konkret stelle mir eis dorënner Gebaier fir, an deenen d’Bierger an hirer Gemeng en Zesummeschloss vun diversen Dokteren an Apdikte fanne kënnen. Dat wier eng dezentral Verdeelung vun de gesondheetstechnesche Mesuren iwwert d’Land an d’Gemengen, a géif och deene Matbierger hëllefen, déi manner mobil sinn.
D’Schafe vu “Centres médicales” géif net just d’Waardezäite fir all Mënsch an de Klinike reduzéiere, well op déi dräi Urgencen am Land nach just bei richtegen Noutfäll misst zréckgegraff ginn, mä et géing doriwwer eraus och d’Personal vun de Kliniken an de Rettungsdéngschter entlaaschten, wat am Noutfall Liewe rette kann. Dëst géing awer och mat sech bréngen, datt d’Awunner vu manner zentrale Gemenge keng sou wäit Weeër méi mussen op sech huelen, wa si en Dokter brauchen.
- Extension du système de santé au niveau communal
- Améliorer l’accessibilité aux services médicaux en dehors des heures de bureau
- Mise en place de “Centres médicaux” communaux ou régionaux
- Réduction des temps d’attente dans les urgences des hôpitaux grâce à une offre plus décentralisée
Laisser un commentaire
Participez-vous à la discussion?N'hésitez pas à contribuer!