Den 3. Juni konnten d’Jongsozialisten d’Grënnung vun enger neier regionaler Sektioun, der “JS-Norden” zu Dikrech feieren.

An senger éischter Usproch als frëschgebakene President vun der JS-Norden, sträicht de Jean-Claude Schmitz ervir, dass een sech als Ziel gesat huet de Kontakt zu deene Jonken ze sichen a sie un d’Politik erunzeféihren. D’Verbanne vu Kultur a Politik kéint do zum Beispill eng Méiglechkeet sinn.

“Eis leien déi Jonk aus dem ganzen Norden um Häerzen, egal op d’Nordstaat, Wolz, Clierf oder Elwen mir wëllen als JS-Norden déi ganz Regioun ofdecken an d’Intressie vun eiser Géigend vertrieden.”

sou de Jean-Claude Schmitz ofschléissent.

De President vun de Jongsozialisten Sammy Wagner, begréisst d’Grënnung an ënnersträicht d’Wichtegkeet vu lokalen a regionale Sektiounen. Et hätt een och vir an Zukunft méi enk mat de Sektiounen zesummenzeschaffe fir ze garantéieren, dass een och deene regionale Begebenheete bei der Ausriichtung vun der nationaler JSL Politik rechnung dréit.

Nieft enger Rei Jonker, waren awer och den LSAP Minister Romain Schneider an den Député-Maire  Claude Haagen bis op Dikrech komm fir déi nei Equippe ze ënnerstëtzen.

De neien Comité setzt sech aus folgenden Leit zesummen:

Jean-Claude SCHMITZ (President)

Tom Sauber (Sekretär)

Michel Becker (Sekretät FF)

Sven Schneider (Trésorier)

Pascal Krecké (Member)

Sandra Bous (Member)

Paul Hetting (Member)

Weider Fotoen an Informatiounen och op Facebook: 

Fotoën Facebook-JSL

Fanpage JS-Norden

0 réponses

Laisser un commentaire

Participez-vous à la discussion?
N'hésitez pas à contribuer!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *