“Ech si mer sécher datt de Max an ech eng nei Dynamik bei de Jonke Sozialisten era brénge. Et ass wichteg der sozialistescher Jugend eng staark Stëmm ze ginn: et geet an der Politik em eis Welt an där mir Muer liewen”, sou di nei Presidentin Izabela Golinska (30 Joer) gëschter um Nationalkongress vun de Jonke Sozialist:innen. Zesumme mam Max Molitor (25 Joer) sinn si e Sonnden als nei President:inne vun de JS gewielt ginn. Neie Generalsekretär ass de Maurice Schwarz (26 Joer).

“Zemools an engem Waljoer ass et wichteg dat di Jonk hir Plaz an der Politik hunn, fir net nëmme Gehéier ze kréien, mee och mat ze bestëmmen. Déi Plaaz kréie mer net geschenkt, fir déi musse mer schaffen a kämpfen, an dat wäerte mer och maachen”, beschreift de Max Molitor d’Prioritéite vun der JS.

“E gudden Fonctionnement tëschent der Exekutiv an dem Nationalbüro ass wichteg. Nëmmen als Equipe kënne mir dësen Challenge am Superwaljoer ugoen”, esou den Maurice Schwarz.

Den Nationalbureau, genau esou ewéi d’Memberen vun der Kontrollkommissioun goufen unanime ugeholl (déi ganz Lëscht fannt dir weider ënnen).

Ausserdeem goufen d’Statuten och un d’Grënnung vun de JS-Bezierker ugepasst.

Memberen vum Nationalbureau:

  1. GOLINSKAIzabela
  2. MOLITORMax
  3. SCHWARZ Maurice
  4. BAUSCH Ben
  5. BRAZ Liz
  6. CANO Olivier
  7. COLLING Luca
  8. DE SOUSA Ken
  9. DELAUNOIS Margot
  10. FEIPEL Jil
  11. FERREIRA Dylan
  12. GLESENER Philippe
  13. HALSDORF Brian
  14. JANDOUBI Anass
  15. KINN Benjamin
  16. KRYEZIU Gledis
  17. MATOS Veronica
  18. MORRISOVA Michaela
  19. PAULUS Joé
  20. SCHEER Daniel
  21. VESALI Amir
  22. WEYDERT Jana
  23. WINCKEL Elisha

Memberen vun der Kontrollkommissioun:

  1. BECKER Ralph
  2. DAHMSascha
  3. MAQUETSam

CP-2023