Eis Vize-Presidentin Noémie Patz huet um RTL Radio op der “Tribune Libre” d’Wichtegkeet vum Wahlrecht ab 16 souverän ënnerstrach a kloer betount wisou et néideg ass de 7. Juni mat JO ze stëmmen.
De 07. Juni huet Lëtzebuerg d´Chance senge jonke Matbierger ze weisen, dass et Vertrauen an si huet. Vertrauen doran, dass si aktiv un der Gestaltung vun dësem Land bedeelegt kenne ginn.
Am Referendum gëtt gefrot, ob een d´Iddi gutt fënnt, dass ee scho mat 16 Joer d´Wahlrecht ka kréien, wann een dat well.
Diskussiounen em d´Wahlrecht fir ënner 18 Järeg ginn zu Lëtzebuerg schonns säit 1996 gefouert an aner europäesch Länner hunn et schonns ëmgesat. Sou z.Bsp. 2007 Éisträich, wou och bewise konnt ginn, dass d´Interessi un der Politik bei de Jonke wesentlech no hiren éischte Wahlen zougeholl huet. Si hunn op eemol gemierkt, dass hier Meenung eescht geholl gëtt an hiert Handele Konsequenzen huet.
Oft gëtt genau dësen Desinteressi als Géigenargument genotzt. Dobäi wäicht d’Interessi an de politesche Wëssensstand vun engem 16 Järegen net wesentlech vun dem vun engem 18 Järegen of. A punkto Wëssen ass et dann och un der Regierung an der Gesellschaft dofir ze suergen, dass politesch Bildung méi en héije Stellewäert an eiser formeller an informeller Educatioun kritt.
Virun allem awer, muss een sech eng Kéier an d´Situatioun vun engem Jonken haut ze Dachs versetzen. Den demographesche Wandel an eisem Land ass net opzehalen, d´Wielerschaft gëtt ëmmer méi al an déi Jonk si souwisou ënnerrepresentéiert.
Dobäi kennt nach, déi Onbestännegkeet haut an der Welt. Vill Jugendlecher hunn Zukunftsängscht, si schonns elo desillusiounéiert an hunn kee Vertrauen, dass hiert Handelen iergendeng Wierkung huet.
Et ass also wichteg eng Contrebalance zum homogenen Elektorat ze kréien, dat heescht och déi Jonk matschwätzen ze loossen, well d´Politik brauch hiren Avis. Vill Decisioune betreffe jo schliisslech och hier Zukunft an oft genuch komme grad déi Jonk bei neie Reforme schlecht ewech.
Mä well hier Suerge net manner wäert sinn, gëtt och d´Politik gezwongen déi fir si wichteg Themen, wéi z.Bsp. d`Jugendaarbechtslosegkeet oder d`Bildung méi an den ëffentleche Fokus ze récken.
Virun allem awer ginn si duerch d´Partizipatioun un de Wahle responsabiliséiert a kréie Verantwortung. An dowéinst sollten si méiglechst fréi fir d´Politik sensibiliséiert a mat politeschen Theme familiariséiert ginn.
Et ass also elo an eiser Verantwortung, deene Jonken d´Vertrauen ze schenken an se doran ze bestäerken dass hier Partizipatioun gefrot ass.
Gidd deene jonke Léit, déi sech mat 16 scho fir Politik interesséieren, deenen et net egal ass, wat an dësem Land geschitt, d´Recht, mat ze bestëmme wéi hiert Liewen zu Lëtzebuerg gestalt gëtt.
Et gëtt näischt ze verléiere bei dëser Fro, eis Gesellschaft kann nëmme gewannen. An dofir JO zum Wahlrecht ab 16.
Nolauschteren kenn Dir hei.