Léif Memberen, Léif Vertrieder*innen vun der Presse,

heimadder deelen mer iech d’Resultat vun den Walen op eisem ordinären Kongress mat. 

D’Jonk Sozialisten bleiwen bei hirer Duebelspëtzt: D’Lisa Kersch an den Amir Vesali goufen bei de Walen als Präsidentin a Präsident vun de Memberen vun den Jonken Sozialisten confirméiert. Zesummen hunn si bei der Wal en Pourcentage vun 89 % erreecht. Bei de Walen fir den Generalsekretär konnt sech de Ken de Sousa geint den Daniel Scheer duerchsetzen. Op de Ken de Sousa sinn 74% vun den Stëmmen entfall, hien ersetzt domat den Elisha Winckel den net erëm ugetrueden ass. D’Kontrollkommissioun gouf unanime ugeholl, d’Memberen vum Nationalbüro sinn bei enger Enthalung mat 96% vun den Stëmmen gewielt ginn. 

D’Membere vum neien Nationalbüro

1. Bormann Marvin 2. Bouraoui Sami 3. Braz Liz 4. Colling Luca 5. Feipel Jil 6. Ferreira Dylan 7. Kinn Benjamin 8. Kryeziu Gledis 9. Matos Veronica 10. Merenz Samira 11. Molitor Max 12. Ni Pengqian 13. Pacarada Edi 14. Piccini Julie 15. Scheer Daniel 16. Schwarz Maurice 17. Weydert Jana

D’Membere vun der neier Kontrollkommissioun

1. Jandoubi Anass 

2. Sold Georges 

3. Winckel Elisha 

Des Weideren goufen och 2 Resolutiounen gestëmmt. D’Logements- an d’Klimakris hunn den Kongress inhaltlech dominéiert an béid Sujeten goufen als déi grouss Aufgaben vun eiser Zäit a Generatioun definéiert. En steierlecht Ëmdenken an der Logementspolitik an e Systemwiessel an der Klimapolitik sinn d’Punkten mat deenen d’Jonk Sozialisten wëllen an d’Waljoer 2023 goen. Béid Resolutiounen fannt der zum Schluss vum Mail, mä hei e kléngen Virgeschmaach: