D’Juso’en treffen sech dëst Joer den 28. Mäerz 2015 um 9h30 zu Stengefort fir hiren Nationalkongress.

Centre Roudemer
(7A rue de Hagen, L-8401 Steinfort)

Jiddereen dee Loscht an Zäit huet mat ze diskutéieren, brauch just Member bei der JS ze ginn an den 28. Mäerz 2015 op Stengefort ze kommen.
Ufänke mecht de Kongress um 9h30, wou mir mat enger kuerzer Diskussiounsronn mat uschléissendem “Meet and greet” mat de LSAP-Mandataire an de Kongress starten. Duerno géint 11h00 wäerten mir eis dann ënner anerem mat de Sujet’en Referendum an Cannabislegaliséierung beschäftegen an eis Positioun ofstëmmen.

Fir Croissant, Kaffi a Bréidercher sinn gesuergt.

Mir gesinn eis!

Wanns du weider Détailer/Froen zum Oflaf oder zu de Positioune wëlls hunn déi zum Vote stinn, dann kontaktéier eis einfach per E-mail: info@jsl.lu

 

Den Dossier mat allen Dokumenter (Ordre du Jour, Resolutiounen,…) kanns du dir hei eroflueden: Documents_congrès_JSL_2015