Lëschten Donneschden huet eng friddlech Manifestatioun zu Istanbul am Gezi Park stattfonnt fir géint déi aktuell Baupläng vun engem Akafszentrum ze protestéieren. Demonstratioun gouf doropshi vun der Police mat Gewalt ënnerdréckt.
Säit dem ass d’Situatioun eskaléiert an dausende vu Leit sinn a weidere Stied an der Tierkei op d’Strooss gaangen. Et handelt sech ëm déi gréisste Protester an der Tierkei vun dësem Jorzéngt. Schockéierent ass virun allem d’Gewalt mat der d’Force de l’Ordre géint d’Manifestante virginn, dausende Leit goufe verletzt a verhaft mat als trauregem Héichpunkt dem Dout vun eisem Komerod Abdullah Cömert vun der CHP Youth, eiser türkescher Schwësterorganisatioun.
Dowéinst erklären d’Jongsozialisten sech solidaresch mat alle Leit a virun allem deenen Jonken déi sech op den türkesche Stroossen fir Fräiheet an Demokratie asetzen a condamnéieren all repressiv Mëttel déi benotzt ginn, fir d’Manifestatiounen ze ënnerdrécken an déi fundamental Rechter vun de Leit mat Féiss ze trëppelen.
D’Lëtzebuerger Regierung fuerdere mir an deem Sënn op, Drock op den türkesche Premier Erdogan ze maachen, dass dësen d’Meenungs- an Demonstratiounsfräiheet an der Tierkei ze respektéiert huet.