D’Jonk Sozialisten hunn sech leschte Samschden am „Centre Roudemer“ zu Stengefort fir hiren alljährlechen Nationalkongress getraff.

 Kongress am Zeeche vun der Erneierung

An senger Begréissungsried huet de scheedende JSL-President Sammy Wagner op d’politesch Aktualitéit vum leschte Joer zeréck gekuckt. Dobäi huet hie festgehalen, dass et schéin a manner schéi Momenter ginn huet. D’Regierung géing eng Partie waarm Eisen upaken, a virun allem mat der Trennung vu Kierch a Staat en groussen Erfolleg verbuche kënnen.

De scheedende Generalsekretär Jimmy Skenderovic huet sengersäits betount, d’Jonk Sozialisten hätten eng Rei kloer Akzenter am leschte Joer gesat, beispillsweis d’Fuerderung no Aspuerunge bei der Monarchie oder d‘Denkustéiss fir méi en soziaalt Europa un d’Adresse vum Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Laut Skenderovic ass d’LSAP gefuerdert fir kloer Akzenter bei der ugekënnegter Steierreform ze setzen a fir eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum ze suergen. d’Jusoe wäerte weiderhi jonk Leit uschwätzen an se méi no un d’Politik bréngen, so Skenderovic.

De Kongress war awer an éischter Linn d’Geleeënheet fir eng Erneierung vum politesche Personal bei de Jongsozialisten. Esou si mam Jimmy Skenderovic en neie President a mam Patrick Weymerskirch en neie Generalsekretär un d’Spëtzt vun der JSL gewielt ginn.

Offen Diskussioun mam Parteipresident

De LSAP-President Claude Haagen huet sech Zäit geholl, fir eng offen Diskussioun mat de Jonk Sozialisten ze féieren. Dobäi ass et an éischter Linn iwwert de Referendum de 7. Juni gaangen. De Claude Haagen huet betount, dass all Eenzelnen elo géing gebraucht ginn, fir d’Leit dobausse richteg ze informéieren, an eis Argumenter ze verteidegen. Doriwwer eraus huet de LSAP-President awer och schonn ugedeit, wouranner d’Konschtstéck vun der grousser Steierreform bestoe wäert: bei de méi räiche Steierzueler méi en groussen Effort ofverlaange fir kennen deene finanziell méi schwaache Stéit méi Loft ze verschaffen.

Resolutioun – 3 x en klore JO fir déi 3 Referendumsfroen

D’Jongsozialiste schwätzen sech an enger éischter Resolutioun ganz kloer fir en JO bei den dräi Referendumsfroen aus. Den neie Generalsekretär Patrick Weymerskirch huet an deem Kontext betount, dass de Referendum „an engem Land, wat d’Kultur vu Referenden net huet, en Zeeche vu Courage, eng nei Dimensioun vu geliefter Demokratie a scho bal eng kopernikanesch Revolutioun“ wier. Ouni d’Residenzwahlrecht géing de Gruef tëschen de lëtzebuerger Wieler an eiser Populatioun insgesamt an Zukunft ëmmer méi déif ginn, Fléihkräften an eiser Gesellschaft fräisetzen an esou d’sozial Cohésioun an eisem Land op d’Spill setzen. Et wier onverantwortlech, zouzeloossen, dass eng Minoritéit fir eng Majoritéit wiele geet. Dofir fuerderen d‘Jonk Sozialisten d’aktiivt Wahlrecht fir all Bierger hei am Land, deen op mannst 5 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt huet, dee Moment wou en sech aschreift.

Scho länger Zäit setzen sech d’Jonk Sozialiste fir en fakultatiivt Wahlrecht ab 16 an: et wier en staarkt Signal un di Jonk, dass een hinnen och eppes zoutraue géing. Politeschen Interessi war nach ni eng Fro vum Alter.

D’Limitatioun vun de Ministermandater wier eng Chance, en regelméissege Renouveau vum politesche Personal ze erméiglechen, well schliisslech lieft d’Demokratie vum Wiessel. Doriwwer eraus sinn d’Jonk Sozialisten der Meenung, dass en Cumul vu lokalen an nationale Mandater misst a Fro gestallt ginn.

Resolutioun JO zur Cannabis Legaliséierung

D’Jonk Sozialisten ënnerstëtzen ausdrécklech d’Fuerderung no enger méi sachlecher Debatt an d’Ëmsetze vun enger institutionaliséierter a kontrolléierter Legaliséierung vum Cannabis. D’Repressiounspolitik huet an der Vergaangenheet zu kenge positive Resultater gefouert. En Enn mat der Verbuetspolitik heescht fir d’Jonk Sozialiste awer net, dass Cannabis verharmlost dierft ginn.

Neien Nationalbüro gewielt

Den Nationalbüro 2015 vun de Jonk Sozialiste:

 

President:              SKENDEROVIC Jimmy

Generalsekretär:   WEYMERSKIRCH Patrick

 

Vize-Presidentin:                 DELAUNOIS Margot

Vize-Presidentin:                 PATZ Noémie

Trésorier:                             OLIVEIRA Rafael

Internationaler Sekretär:    MARICATO Patrick

 

Membere vum Nationalbüro 2015:

AZEVEDO Patrick, DIEDERICH Sarah, GRÜN Gilles, HETTING Paul, HOFFMANN Gilles, KREMER Christian, MULLER Anne, PAULUS Joé, STREFF Ben, SPIRINELLI Fabio.