“D´Fra hannert d´Kachdëppen” war de Motto ugangs vum leschten Joerhonnert; zënterhier huet sech awer villes gedoen. Vill Verbesserungen a punkto Mat- a Selbstbestëmmungsrecht vun der Fra goufen erkämpft. Mä wéi gesäit d’Roll vun der Fra am 21. Joerhonnert aus? Wéi steet et mat de klassesche Rolleverdeelungen? Wéi vereinbar si Famill a Beruff? Wie vill gëtt gemaach fir Fra a Mann et ze erlabe Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien? Fraequoten; eng Léisung fir méi Fraen a vun hinnen ënnerrepresentéiert Positiounen a Politik a Wirtschaft ze kréien?
Diskutéiere hu mir ënner anerem dës Sujeten aus Politik, Gesellschaft a Wirtschaft de 27. Januar 2015 zesumme mat folgende 4 Damen:
Mme. Cécile Hemmen – Deputéiert a Presidentin vun der Chancegläichheetskommissioun an der Chamber
Mme. Taina Bofferding – Deputéiert a scho vu jonke Joeren un engagéiert Kämpferin fir d’Selbstbestëmmungsrecht vun de Fraen
Mme. Tess Burton – Deputéiert an engagéiert Fra am eegene Familljebetrib
Mme. Cátia Gonçalves – Presidentin vun de Femmes Socialistes
Moderatioun: Sammy Wagner
A folgendem Video kënnt dir déi ganz Diskussiounsronn nach emol nokucken.