Argumentatiounshëllef fir déi dräi Referendumsfroen
1. Fro
„Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’Lëtzebuerger, déi tëschent 16 an 18 Joer al sinn, d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei de Wahle fir d’Chamber, d’Europaparlament an de Gemengerot souwéi bei de Referende matzemaachen?“
Et geet also drëms fir de jonke Lëtzebuerger vu 16 a 17 Joer d’Méiglechkeet ze ginn, vum aktive Wahlrecht Gebrauch ze maachen. Dat heescht, datt bei alle Wahle Lëtzebuerger ab 16 Joer, wa si entscheed hunn, datt se matwiele wëllen a sech der Wahlflicht ënnerworf hunn, als Wieler kënne matmaachen.
Fir ze kandidéiere bleift et beim Mindestalter vun 18 Joer (passiivt Wahlrecht). Et kann een also net mat 16 Joer Deputéierten oder Member vun engem Gemengerot ginn.
Lëtzebuerg wier net dat éischt Land an Europa, dat de Wahlalter op 16 Joer géif erofsetzen. Eng ähnlech Regelung gëtt et haut schonn an Éisterräich, wou de Mindestalter fir d’aktiivt Wahlrecht bei alle Wahle bei 16 Joer läit. Och an Däitschland besteet an eenzele Bundeslänner esou en aktiivt Wahlrecht bei Gemengen- a Regionalwahlen.
Lëtzebuerg huet statistesch gesinn déi eelste Wielerschaft a ganz Europa: Den Duerchschnëttsalter läit bei 52 Joer. Well wichteg politesch Entscheedungen, déi haut getraff ginn, onmëttelbar Auswierkunge fir déi Jonk an déi kommend Generatiounen hunn, läit et jo op der Hand, hinnen e Matsproocherecht ze ginn. Et ass eng Fro vum Vertrauen an déi jonk Leit.
Mat 16 Joer kann ee schaffe goen. Firwat dann net och mat wiele goen? Wee sech interesséiert an sech räif genuch fillt, ka matmaachen an duerch d’Wahle politesch partizipéieren.
Viraussetzung dofir ass awer eng praktesch politesch Bildung iwwer de Wee vun der Instruction civique an der Schoul, grad esou wéi eng praktesch politesch Partizipatioun an de Kanner- a Jugendgemengeréit
oder a Jugendforen.
Loosse mer de Jonken dës Chance ginn; kee gëtt forcéiert, mee deen, dee Loscht an Intressi huet, schreift sech an a geet matwielen. Et ass ze erwaarden, dass d’Politik d’Intressien an d’Suerge vun deene jonke Wieler da méi eescht hëlt an hir Themen doduerch och méi Opmierksamkeet fannen.
2. Fro
„Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’auslännesch Matbierger d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei Chamberwahle matzemaachen, an dat ënnert der besonnescher duebeler Bedéngung, datt si op d’mannst während zéng Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a virdru scho bei Gemengen- oder Europawahlen zu Lëtzebuerg matgemaach hunn?“
Lëtzebuerg mécht e Schratt a Richtung Awunnerwahlrecht. Nodeems virun 23 Joer eis auslännesch Matbierger dat aktiivt a passiivt Wahlrecht fir d’Europa- an d‘Gemengewahle kritt hunn, solle se d’Méiglechkeet kréien, och bei Chamberwahle matwielen ze goen. Fir d’Chamber duerfen si awer net kandidéieren.
Am Fall vum “JO” kënnen Net-Lëtzebuerger sech an Zukunft op d’Wielerlëschten aschreiwen, wa si virun de Wahlen op d‘mannst 10 Joer hei am Land gewunnt hunn a virdrun och scho bei Gemengen- oder Europawahlen hei zu Lëtzebuerg matgemaach hunn. Wa se sech an d’Wielerlëschten ageschriwwen hunn, gëllt fir si, wéi fir all aner Wieler och, Wahlflicht. Dës zwou Konditioune fir dat aktiivt Wahlrecht notzen ze dierfen, sollen an d‘Verfassung ageschriwwe ginn.
Bei de leschte Gemengewahle ware ronn 30.000 Auslänner ageschriwwen, dat entsprécht 10% vun der Gesamtwielerschaft am Land. Si hunn doduerch scho gewisen, datt si sech fir d’Politik an d’Gemeinschaftsliewen interesséieren. An enger Demokratie ass et wichteg, datt eng Majoritéit vu Bierger, déi an engem Land schaffen a liewen och politesch matbestëmmen däerfen. Déi positiv Erfahrung vun de Gemengewahle weist, datt dëst de richtege Wee ass. En Auslänner kann haut scho Buergermeeschter oder Schäffe ginn.
Esou e System gëtt et an Europa usazweis a Groussbritannien an Irland. Och Neuseeland a verschidde Staaten a Mëttel- a Südamerika ginn den Awunner e Wahlrecht.
A kengem anere Land an Europa ass den Auslännerundeel sou héich wéi zu Lëtzebuerg. Mir kënnen net weider 46% vun eiser Populatioun u wichtege politeschen Entscheedungen net deelhuele loossen.
Firwat solle Lëtzebuerger, déi zënter Joerzéngten am Ausland liewen, zu Lëtzebuerg bei Chamberwahle matmaachen däerfen an Net-Lëtzebuerger, déi iwwer 10 Joer hei am Land schaffen a liewen, u Gemengen- oder Europawahlen deelgeholl hunn, vu Parlamentswahlen ausgeschloss bleiwen?
Firwat rekrutéiert de Lëtzebuerger Staat gären europäesch Zaldote fir eis ze verdeedegen a refuséiert den Auslänner d’Wahlrecht bei Chamberwahlen?
D’Awunnerwahlrecht ass keen Ausverkaf vun eiser Nationalitéit. Fir bei de Chamberwahle kandidéieren ze kënnen, muss een och an Zukunft Lëtzebuerger sinn. Als Lëtzebuerger gi mär also näischt op. Mär gi just verschiddene Matbierger eng zousätzlech Méiglechkeet, matzeschwätzen.
Dat ass e staarkt Signal fir en oppent, tolerant an demokratescht Lëtzebuerg.
3. Fro
„Sidd Dir mat der Iddi averstanen, d’Zäit, während där eng Persoun ouni Ënnerbriechung Member vun der Regierung däerf sinn, op maximal zéng Joer ze begrenzen?“
Hei geet et drëms, d’generell Zesummesetzung vun der Regierung ze regelen, déi zu Lëtzebuerg manner oft ännert wéi am Ausland. An Zukunft sollen d’Ministeren an d’Staatssekretäre maximal 10 Joer, d.h. zwou Mandatsperioden hannerteneen an der Regierung sinn. Bei enger Ënnerbriechung vu mindestens 5 Joer kënne si duerno erëm Regierungsmember ginn.
Ähnlech Regelunge ginn et am Ausland fir Presidenten; si kënnen zur Erneierung an der Politik bäidroen, ouni dass op d’politesch Experienz verzicht muss ginn.
Eng Beschränkung vun der Mandatsdauer fir d‘Deputéiert ass net virgesinn, well si gewielt ginn an hiert Mandat direkt vum Wieler kréien, am Géigesaz zu de Regierungsmemberen, déi an hir Funktioun genannt ginn.
Eng regelméisseg Erneierung vum politesche Personal un der Spëtzt vum Staat deet enger Demokratie gutt.
Jo zu enger zäitlecher Begrenzung vun de Regierungsmandater,
– well Lëtzebuerg op Gronn vu sengem personaliséierte Wahlsystem d‘politesch Erneierung bremst: Regierungsmembere kënne 15, 20 Joer ouni Ënnerbriechung an hirer Funktioun bleiwen, dat féiert zur Routine a politeschem Stëllstand;
-well eng regelméisseg Erneierung vum Personal un der Spëtzt vum Staat enger Demokratie gutt deet: sou komme politesch Talenter méi schnell op héchstem Niveau an d‘Verantwortung, ouni datt dobäi op d‘Erfahrung vun deene verzicht muss ginn, déi während 10 Joer ouni Ënnerbriechung a Regierungsverantwortung stoungen, hir politesch Kompetenz ka weiderhin op anere Plazen afléissen;
– well Lëtzebuerg eng eenheetlech gesetzlech Regelung brauch, déi fir all Parteien a Politiker gëllt an dofir suergt, datt jidderee gläich behandelt gëtt: eng entspriechend Dispositioun muss hiren Nidders
Ass de Referendum bannend?
Juristesch net. Mee politesch ass d’Resultat vum Referendum ouni Zweiwel bannend. Do waren sech 2005 beim leschte Referendum all Parteien eens. Zu Lëtzebuerg gëtt et d‘Wahlflicht. E Referendum ass also vill méi ewéi eng Ëmfro a groussem Ëmfang.
Grad an enger representativer Demokratie däerf déi direkt Meenung vum Wieler net ignoréiert ginn. Wann eng Majoritéit vu Wieler sech an enger präziser Fro mat Jo oder Nee ausgeschwat huet, da muss deem Vote voll a ganz Rechnung gedroe ginn. Wien dat net mécht, gëtt der Minoritéit Recht a verstéisst géint de Grondprinzip vun eiser Demokratie. D‘Glafwierdegkeet vun eisem politesche System wär domadder a Fro gestallt.
Mat eiser Demokratie däerf net gespillt ginn!