Huel deng Zukunft an d’Hand!
Op dëser Säit fënns du eise ganze Programm fir d’Nationalwalen – all eis Iddien a Propose fir eng besser Zukunft ze gestalten!
Eise Flyer kanns de hei eroflueden.
Wat mir wëllen?
Mir wëllen eng Politik, déi net de Sozialstaat ofbaut, déi net un historesch erkämpften Acquise geet. Mä mir wëllen en aktive Staat, dee jidderengem eng Garantie op e würdegt Liewen gëtt an deen aktiv d’Ongläichheeten ofbaut, deen d’Solidargesellschaft fërdert an deen d’Räichtemer gerecht ëmverdeelt!
Mir wëllen an alle Beräicher e fortschrëttleche Staat, deen d’Erausfuerderungen vum 21 Joerhonnert erkennt an deementspriechend handelt, mat enger kloer “Feuille de route” an Ziler wou Lëtzebuerg 2030, 2040, 2050 stoe soll, ë.a.:
Mir wëllen e Staat, deen do op Dezentraliséierung setzt, wou et virdeelhaft fir de Bierger ass.
Mir wëllen e Staat, deen den Educatiounssystem un eis gesellschaftlech Evolutioun upasst, mä och iwwer méi wéi eng Legislaturperiod plangt.
Mir wëllen e Staat, deen eng durabel an nohalteg Wirtschaft fërdert, wou och un d’Wuelbefanne vun den zukünftege Generatioune geduet gëtt, ouni dass d’Bierger mussen op eppes verzichten.
Mir wëllen e Staat, deen de Logementsproblem léist, net doduerch dass alles zougebaut gëtt an domadder och d’Gréngflächen zerstéiert a verréngert.
Mir wëllen e Staat, deen d’Verflechtung vun den eenzele politesche Beräicher erkennt, deen eng holistesch Approche huet, an net a Siloen denkt.
Mir wëllen e Staat, deen d’Liewensqualitéit vun de Leit verbessert, dee jidderengem d’Méiglechkeet gëtt an der Gesellschaft matzewierken, mä deen hinnen och d’Recht op e würdegt Liewe garantéiert.
Mir wëllen e Staat, deen net op de Wee vun Iwwerwaachung geet oder Repressioun, mee iwwert de Wee vun der Educatioun, vun der Vermëttlung an Zesummenaarbecht, fir Radikalismen an den Haass ze bekämpfen.
Mir wëllen eng staark EU, déi sech net duerch Lobbyiste vu multinationalen Entreprise beaflosse léiss, mee déi op d’Problemer vun den EU-Bierger ageet, déi d’Demokratie an dat europäescht Gefill verstäerkt.
Eis Proposen
Wirtschafts-, Sozial- a Fiskalpolitik
- Am Kontext vun der Digitaliséierung musse kleng- a mëttelgrouss Betriber (PME) ënnerstëtzt gi fir sech de Changementer unzepassen. Et solle spezifesch Formatiounen ugebuede gi fir Leit déi sech am Beräich vun de PME wëlle weider forméieren. Och muss de Kader méi einfach gemaach ginn, fir Leit déi sech selbststänneg maache wëllen;
- D’Gesetz iwwert Pensiounsfonge muss geännert ginn: Et muss gesetzlech festgehale gi wou net däerf investéiert ginn (z.B. an Aktivitéiten déi d’Ëmwelt zerstéieren). Och soll an de Logement investéiert ginn (Sozialwunnengen, Wunnenge fir Studenten).
- Economie sociale et solidaire weider ënnerstëtzen an ausbauen.
- Eng besser Kontroll vum Respekt vun de bestoende Gesetzer, z.B. bei de Loyeren, déi net e bestëmmte Prozentsaz vum investéierte Kapital iwwerschreide sollen (Reegel vun 5% wat de Loyer betrëfft).
- Teletravail gesetzlech aféieren an encadréieren.
- Jonker, déi eng Start-up wëlle grënne, finanziell ënnerstëtze wärend der Ufanksperiod iwwert d’Allocation de chômage.
- De Staat muss bei de Bankefraisen agräifen: Leit, déi keen Internetbanking hu sollen net bestrooft ginn!
- Aarmutsrisiko vu 16,5% erofsetzen op ënner 10% (ouni sozial Transferte wäre 46% vun de Leit aarm).
- Den Tiers payant aféieren.
- En interministeriellen Departement schafen deen d’Ongläichheete bekämpft.
- Kapital méi besteieren an d’Aarbecht manner.
- Räichenierfschaftssteier aféieren.
- Erhéijung vum Mindestloun ëm 10% a Steierfräi maachen.
- Spëtzesteiersaz eropsetzen.
- Monoparental Famillen entlaaschten.
- Méiglechkeet aféieren dass eng Fra och d’Pensioun vum verstuerwene Mann kann iwwerhuelen (an ëmgedréint).
- Verréngerung vun der Aarbechtszäit op 35 Stonnen d’Woch bei gläicher Bezuelung
- E “revenu d’autonomie” aféiere fir déi Jonk ab 15 Joer, och fir déi, déi eng Léier maachen, well se net vun de Subside vun der CEDIES profitéiere kënnen, an net bezuelt ginn oder ganz wéineg.
- Aarbechtsplazen aus der Stad erauskréien an Dezentraliséierung vun den Institutiounen. Déi Dezentraliséierung incitéieren duerch Steieren (z.B. manner op Kierperschaftssteier wann een an eng aner Gemeng geet wéi d’Stad).
- Nei Technologien am Déngscht vum Bierger asetzen, duerch besser Informatioun iwwer Ressourcëverbrauch (Smart Cities).
- Digitaliséierung: Robotersteier aféieren, an de Begrëff vun der Digitaliséierung kloer definéieren. Et ginn net nëmmen Opportunitéiten, mä och Erausfuerderungen!
- Zäitkonten aféieren.
- Stadkäre revitaliséieren: Gemeng sollt Virkafsrecht hunn fir Lokaler opzekafen, iwwer de PAG ka festgeluecht dass et och e Commerce bleift; Regional a lokal Wirtschaft fërderen, genau esou wéi épiceries sociales a lokal Produkter;
- Sech als Ziel setzen all de kontroverse Steierpraktiken (Rulings an aner Forme vu Steierdumping) en Enn ze setzen. D’Nischepolitik muss duerch d’Innovatioun a Kompetenz ersat ginn.
- Prekariséierung vun den Aarbechtsplaze bekämpfen: CDI fërderen amplaz dass CDD’en ëmmer méi zur Norm ginn, wat och eng Diskriminéierung z.B. um Wunnengsmaart mat sech bréngt. E legale Kader fir Freelancer schafen. Interimsaarbechte musse gesetzlech gereegelt ginn esou dass et keng Abuse ginn.
Educatioun, Kultur, Patrimoine a Sport
- En ëffentlechen TV Sender aféieren.
- Guichet unique am Kulturministère aféieren.
- Méiglechkeet ubidde fir Subsiden iwwer Internet unzefroen, duerch Formulairen déi online ausgefëllt kënne ginn.
- Schafe vun engem Observatoire de la culture et de la politique culturelle.
- Participatioun beim Kompendium iwwer d’Kulturpolitik vum Conseil de l’Europe.
- Besser Publicitéit vun den Offeren déi et ginn, z.B. duerch eng App.
- Kulturpass fir jonk Leit, fir all kulturell Institutiounen an net nëmme Muséeën.
- De Projet vun den Nationalarchive virundreiwen.
- Digitaliséierung vum Archivbestand virundreiwen, duerch professionell Methoden.
- Méiglechkeet fir Studenten op der Uni Lëtzebuerg aféieren, dass se och reservéiert Bicher vun der Nationalbibliothéik op d’Uni brénge loosse kënnen.
- An de Schoulhäff genuch Plaz virgesinn domat d’Kanner sech kënnen austoben.
- Eng maximal Limite vun de Kanner an de Klasse virgesinn.
- Kultur an Educatioun matenee verbannen: Professioneller vun der Kultur mat de Schoule vernetzen an se an de Schoulprogramm integréieren.
- Accessibilitéit zu de Sportsveräiner fir Kanner, déi och aus sozial schwaache Famille kommen, erméiglechen.
- De Schoulsystem muss méi op d’fachiwwergräifend Léieren opgebaut ginn.
- Schüler zum kriteschen Nodenken ureegen iwwer hir Ëmwelt, iwwer d’Kultur, iwwer d’Medien.
- Projete mat de Schüler maachen, wou se aktiv matschaffen an eppes ausschaffen.
- Méi Wäert op d’Schwätze vun de Sprooche leeën.
- De System vun der Kompenséierung vun de Fächer iwwerdenken.
- Schoulbicher mussen an zwou Sproochen erhältlech sinn (Däitsch a Franséisch) an d’Schüler sollen de Choix hunn, op se Däitsch oder Franséisch an de Prüfungen an Exame benotze wëllen.
- Critèren anescht bzw. méi kloer definéiere wa Kanner op Technique oder Classique orientéiert ginn.
- Ënnerstëtzung vu Kanner aus méi schwaache Milieuen: déi hunn net d’Méiglechkeet onbedéngt gutt Notten ze kréie well se net déi Moyene an hirem sozialen a familiären Ëmfeld hunn. Fir déi Kanner musse Ganzdagsschoule geschafe ginn.
- E Statut vum Héichleeschtungssportler aféieren.
- Dem Sportlycée e spezielle Statut gi fir méi geziilt ze schaffen a fir méi kleng Klassen.
- Et den Net-EU Studenten erméiglechen, ab dem éischte Joer Studium kënnen niewebäi ze schaffen.
Nohalteg Entwécklung, Mobilitéit, Dezentraliséierung
- Gratis ëffentlechen Transport aféieren.
- Nohalteg Landwirtschaft fërderen duerch Subsiden déi no Kriterien wéi Diversitéit, Nohaltegkeet, Ëmweltschutz verdeelt ginn.
- Komplett Ëmsetzung vun der Agenda 2030 am 3. Nohaltegkeetsplang.
- Biolandwirtschaft fërderen.
- Bioproduiten an aner nohalteg Produkter erschwénglech maachen fir Leit, déi et sech normal net leeschte kënnen.
- Kooperativ Energieproduktioun aféieren, bzw. Waasser- an Energieproduktioun net privatiséieren.
- WiFi Hotspots an all Gemeng aféieren.
- Beiestierwe bekämpfen, Pestizide verbidden an e Plan d‘action dozou ausschaffen.
- Weideren Ausbau vum ëffentlechen Transport an der Infrastruktur.
- Carsharing fir déi Jonk attraktiv maachen.
- Economie circulaire fërderen.
- Eng direkt Verbindung souwuel Esch-Findel aféieren (och Logistikzenter Beetebuerg abannen), wéi och Osten-Findel.
- PIB du bien-être méi promouvéieren a valoriséieren.
- Quartieren a Stadkäre besser verbannen duerch den ëffentlechen Transport. Dat kann och iwwer gratis kommunal Buslinne sinn.
- Externalitéiten aberechnen (indirekt Auswierkungen op d’Ëmwelt an d’Gesondheet vun de Bierger).
- E Plang fir een progressiven Ausstig aus dem Tanktourismus opstellen.
- En ëmfaassend Gesetz fir de Klimaschutz stëmmen.
- Transitiounsgesellschaften aktiv ënnerstëtzen.
- Labele fir chemesch oder ongesond Liewensmëttel aféieren.
- An der Distributioun d’Intermediairen ausschalten, z.B. duerch Kooperative wou d’Produzenten direkt un d’Geschäfter liwweren.
- Centre médicaux schafen an de Gesondheetssystem dezentraliséieren.
Jugend a Jugenschutz
- Jugendlecher gehéieren net an de Prisong. D’Kapazitéite vun de Centres Sociaux-Educatifs de l’Etat mussen ausgebaut ginn.
- Kanneraarmut bekämpfen: d’Kanneraarmut läit laut UNICEF bei 22%. Dat ass inakzeptabel an engem vun de räichste Länner vun der Welt.
- Mobbing an der Schoul thematiséieren.
- Suizid thematiséieren an op dat Thema sensibiliséieren.
- Décrochage solaire: analyséieren an den Taux erofdrécken duerch geziilt Mesuren.
- Streetworker systematesch asetzen.
- Walrecht ab 16 aféieren.
Demokratie, Rechtsstaat, Gouvernance
- Verwaltungsréit vun de Politiker an hir Nieweverdéngschter opweisen.
- Schutz vu Whistleblower wann se illegal Praktiken opdecken.
- D’Diskussioun iwwer d’Walrecht fir Net-Lëtzebuerger weiderféieren an d’Bierger sensibiliséieren.
- Dateschutz vun de Bierger stäerken, net verwässeren aus Angscht virum Terror. D’Iwwerwaachung aschränken op e minimum.
- Hatespeech am Internet bekämpfen (z.B. duerch e Gesetz).
- Zesummeliewen tëschent de Gemeinschaften vereinfachen duerch verschidde Initiativen: Café des langues, kulturell Fester, Workshops, etc.
- Congésdeeg erhéijen fir dass Leit sech an den ONGen kënnen engagéieren.
- Legaliséierung vum Cannabis ënner staatlecher Kontroll.
- Opfankstrukture schafe fir Leit déi aus dem Prisong kommen: Récidivismus verhënneren a bekämpfen
- De Kuer Instruction civique éischter an och iwwer e puer Joer aféieren, eng Grondlag baue fir d’Walrecht ab 16. E Kuer deen d’Ënnerscheeder tëscht de Partien erkläert, deen erkläert wéi Politik fonctionnéiert. An dem Kader och eng Formatioun mat de Proffe maachen an den zentrum fir politesch Bildung abannen.
- Flüchtlingen an d’Schoulen invitéieren, Opklärung iwwert d’Reliounen, Viruerteeler aktiv bekämpfen, duerch Projeten an der Schoul.
- E Zukunftsministère schafen, fir d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert unzepaken (Digitaliséierung, nohalteg Entwécklung, Ongläichheeten), an fir den Impakt vun enger Politik op anere politesche Beräicher ze analyséieren.
- An enger Zäit, wou d’Zivilgesellschaft u Wichtegkeet gewonnen huet, muss och si aktiv vum Staat agebonne ginn an den Decisiounen, well se um Terrain aktiv ass an sech mat de Problemer an der Gesellschaft auskennt. D’Aarbecht vun der Zivilgesellschaft muss méi valoriséiert ginn andeems d’Vertrieder vun der Zivilgesellschaft am Staatsrot solle vertruede sinn.
- Mir wëllen e Staat, deen net op de Wee vun Iwwerwaachung geet oder Repressioun, mee iwwert de Wee vun der Educatioun, vun der Vermëttlung an Zesummenaarbecht, fir Radikalismen an den Haass ze bekämpfen.
- Jiddereen muss och d’Méiglechkeet hunn, en Affekot ze hunn deen se soss sech net leeschte kënnen.
- Bekämpfung vum Ämtercumul; Vollzäitbuergermeeschteren aféiere fir gréisser Gemengen.
Recherche an Héichbildung
- De Budget deen d’Doktorande vum Fonds National de la Recherche kréien eropsetzen, bzw. no Critère kucken wéi z.B. d’Co-tutelle mat auslänneschen Unien, etc.
- Keng Budgetskierzung oder Plazenofbau bei der Fuerschung, a kenge Beräicher.
- Lëtzebuerg zum Fuerschungsstanduert fir nohalteg Entwécklung ausbauen.
- Gouvernance vun der Uni selwer reforméieren. Dem Conseil universitaire méi Pouvoir ginn, der Zivilgesellschaft och eng Plaz am COnseil de gouvernance zougestoen.
Logement
- Méi Sozialwunnenge bauen.
- E staatleche Partenariat mat der BCEE maache wat Prêten a Konditiounen, dat et méi einfach mëscht eng Wunneng ze kafen.
- Beim Kaf vum Terrain de Propriétaire verflichten no enger bestëmmter Period ze bauen.
- Präisser bremse vun de Logementer (z.B. un de Bauindex koppelen).
- Eng staatlech Immobilienagence, déi och fir d’Iwwerwaachung vun de Präisser zoustänneg ass, a Kooperatioun mat der SNHBM.
- Ënnerstëtzung vun den Agences immobilières sociales (AIS).
- Präisser vun de Wunnenge “à coût modéré” afréieren.
Europa an Aussepolitik
- Reduktioun vun Nato-Bäitreeg an Demilitariséierung.
- Unerkennung vun Palestina.
- Méi Transparenz, z.B. Lobbylëschten obligatoresch maachen an aktuell a vergaange Verwaltungsréit vun de Politiker an Nieweverdéngschter opweisen.
- Ëmstrukturéierung vun den Institutiounen: dem Conseil européen Pouvoir ewechhuelen, well deen eng gemeinsam Politik verhënnert (Staats- a Regierungschef kucken ze vill no nationalen Interessen).
- EU-Transnationallëschten a Spëtzekandidaten aféieren.
- Ëmsetzung vun enger aktiver Sozialpolitik.
- EU-Programmer aféieren, déi systematesch vernoléissegt Gruppe cibléieren (an net nëmmen Eramsus, Interrail etc. déi haaptsächlech vu Leit profitéiert ginn, et souwisou maache kënnen).
- Educatioun iwwer EU an de Fonctionnement an de Schoule stäerken, Viruerteeler iwwer d’EU ofbauen.
- En europäesche Mindestloun aféieren, gekoppelt un der jeeweileger Situatioun vun engem Land.
- Méi Informatiounen an Transparenz iwwer wéi eng Gesetzer eigentlech op EU-Direktive baséieren.
- Austauschprogramm mat Schüler/Studenten an der Groussregioun aféieren.
- Datesteier aféieren op Entreprisen déi Profit maache mat de perséinlechen Donnéeën duerch geziilt Reklammen.