No enttäuschend COP30: Jonk Sozialisten fuerderen eng Luxusstéier op Privatjette

 

Laut UNO stéiert d’Äerderwäermung op 2,8°C zou, wäit fort vum 1,5°C Zil wat virun zéng Joer zu Paräis op der COP decidéiert gouf. D’Resultater vun der COP30 sinn enttäuschend an änneren näischt dorunner dass d’Quantitéit vun Zerrenhausgasen kontinuéierlech an d’Luucht geet.

An dem Kontext ass et schwéier ze akzeptéieren dass an enger Klimakris d’Unzuel vun de Privatjetten déi vu Lëtzebuerg aus starte kontinuéierlech an d’Luucht ginn. Am Joer 2022 goufen hei am Land 2.767 Flich registréiert, e Plus vu 67 % par rapport zur 2021. Privatjet stousse laut enger Etude vu CE Delft 5 bis 14 Mol méi Emissioune pro Persoun aus wéi ee kommerzielle Fluch.

Wärenddem d’Bierger ëmmer reegelméisseg invitéiert ginn hiert d’Verhalen ze änneren an een Effort ze maache fir zur Klimatransitioun bäizedroen, mécht eng kleng Minoritéit vun iwwerräiche mat hirem ultraschiedlechen verhalen einfach virun.

No dem Echec vun der COP30 muss Lëtzebuerg ee staarkt Zeeche setzen.

Dofir fuerdere déi Jonk Sozialisten eng gestaffelt Luxusstéier vun 300€ bis 2000€ pro Passagéier vun engem Privatjet déi vu Lëtzebuerg aus starten. Donieft soll sech Lëtzebuerg op europäeschem an internationalem Niveau asetze fir eng koordinéiert Besteierung vu Privatjetten.

De Montant ass orientéiert un der franséischer Stéier op Privatjetten. Wat de Fligermodell méi ëmweltschiedlech ass, an d‘Distanz méi laang, wat de Montant vun der Stéier soll méi héich sinn. Dës Mesure soll sech net op Hobbyfliger/Sportsfliger applizéieren.

Esou eng Stéier kéint all Joers méi wéi 2,5 Milliounen Einnamen an d’Staatskeess bréngen a kéint zum Beispill Programmer déi de lokalen Tourismus ënnerstëtze finanzéieren oder an d’Entwécklungshëllef investéiert ginn. Weltwäit gëtt geschätzt dass esou eng Luxustéier  kéint all Joer 40 Milliarden Dollar eranbrengen. Donieft géif esou eng Stéier ee kloer Präissignal setze géint een ultraschiedlecht a privilegéiert Transportmëttel.

Dës Stéier ass ee kloert Zeechen: An enger Klimakris muss jidderee säi Verhalen änneren. Et geet net dass eng iwwerräich Minoritéit  einfach viru mëscht wéi wann näischt wier.

0 réponses

Laisser un commentaire

Participez-vous à la discussion?
N'hésitez pas à contribuer!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *