D’Jeunesses Socialistes Luxembourgeoises (JSL) sin d’Jugendorganisatioun vun der LSAP an déi gréisste lénk Jugendbeweegung zu Letzebuerg.

D’JSL funktionnéiren autonom par rapport zu der LSAP, andeems se hier eegen Iddien a Positiounen ausschaffen an no baußen vertrieden.

D’sozialistesch Jugend setzt sech fir eng fräi, eng gerecht an eng solidaresch Gesellschaft an.
Eng Gesellschaft an der keen wéinst senger Hierkonft, senger Relioun, senger Hautfuarw, sengem Geschlecht oder sengem sozialen Milieu, benodeelegt duerf gin. D’JSL vertrieden d’Opfassung, dass d’Problemer an eiser Gesellschaft nemme geléist kenne gin, wann en zesummen, solidaresch als Gesellschaft, d’Problemer upäckt.
D’Grondwerter vum Sozialismus Fräiheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit bilden demno d‘Basis an d‘Ziel vun eisem politeschen Handlen.

Jonk. Rout. Progressiv.

Ennert dem Slogan “Jonk. Rout. Progressiv. Mir paken et un !”, setzen d’Jonksozialisten sech an fir e staarken Sozialstaat an, deen d’Armut bekämpft, de Bierger gläich Méiglechkeeten op e selbstbestemmtend Liewen bidd, Partizipatioun am öffentleche Liewen ënnerstetzt a sozial Gerechtegkeet garantéiert.
Mir gleewen un d’Mateneen vun de Kulturen an d’Gläichstellung vu Fra a Mann. Eis Enersetzung huet nach emmer besonneg, awer net exclusiv, deenen Schwaachen aus eiser Gesellschaft gegollen an deenen, déi selwer kee Matsprocherecht hunn.
Mir stin fir eng Gesellschaft wou all Mensch déi nemlecht Chancen kritt!