Och Helden brauchen eng Paus.
Am Kader vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Covid-19, mobiliséieren sech d’Jonk Sozialiste Lëtzebuerg fir dass des Kris net nach méi ob Käschte vum Personal an de verschiddenen essentielle Secteure geet. Och hier mental an physesch Gesondheet, muss geschützt ginn.
An dem Sënn erënnere mir un d´Propose vun der LSAP aus dem Walprogramm vu 2018 fir d´Aarbechtszäit ob 38 Stonne pro Woch ze reduzéieren. Laangfristeg dierfe mer eis Zil vu garantéierte sozialen a mënschlechen Aarbechtskonditiounen net aus den Ae verléieren.
De Gesetzesprojet n°7689, deen sech op den Artikel L.211-12 vum Code du Travail bezitt, gesäit Modalitéite fir Iwwerstonnen a folgende Secteure fir; an der Santé, an den Klinicken, am Fleegesecteur, an de Laboen an an de Betreiungsstrukture fir Kanner. Dëst Modalitéite widderspriechen eise fundamentale Prinzippien. Och wann ma eis bewosst sinn dass des sanitär Kris aussergewéinlech Mesuren erfuerdert, musse mer eis bewosst ginn datt d’Aarbechtsbelaaschtung negativ Konsequenzen op d’Gesondheet vun dem Personal an den essentielle Secteuren huet.
Mir erënneren d´Employeure vun deene concernéierte Secteuren un:
- D´Noutwennegkeet vun engem Accord tëscht der Delegatioun vum Personal oder der Gewerkschaft di de concernéierte Beruffsstand vertrëtt, wéi an der Direktive 2003/88 virgesinn.
- E verflichtende Roudag vu minimum 1 Dag pro Woch.
- D´Verbuet vum successiven Applizéieren vun Iwwerstonnen no engem Arbeschtsmount.
An dem Sënn fuerderen d´Jonk Sozialisten:
- D’Befräiung vum Lounsteier fir all di geleescht Iwwerstonn.
- Aféierung vun engem zousätzleche Critère, de virgesäit dat d’Employeure bei der Genehmegunsufro vun den Iwwerstonne beim Ministère, e Justificatif mussen dobäi leeën déi de Rapport tëschent ausgefale Personell duerch de COVID-19 an den insgesamten Unzuel vu beschäftege Personell duerleet.
Dës Proposë riichten sech géint d´Ausbeutung vum Personal aus de concernéierte Secteuren. De Schutz vun hirer mentaler a physescher Gesondheet an d´Appreciatioun vun hirer onersetzbarer an noutwenneger Aarbecht stinn am Mëttelpunkt. Och Helde brauche mol eng Paus.
Lire le communiqué en français: