Am Kader vun der Steierdebatt an der Chamber stellen d’Parteien hir Visioune vun enger zukünfteger Gesellschaft vir. Virgesi war et vun der Regierung an der Legislaturperiod 2018-2023 eng grouss Steierreform duerchzesetzen, duerch d’Covid-19 Kris hunn dës Ustrengungen awer mussen op d’Säit geluecht ginn. An och säitdeem huet sech d’Situatioun net wierklech geännert. De brutalen Ugrëffskrich vu Russland an der Ukrain brénge Liewensmëttel- an Energieonsecherheet. Mee och heimat hält de Problem net op. Sinn d’Pandemie an de Krich an der Ukrain nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg, esou waard ënnendrënner nach eng vill méi grouss Kris op eis: d’Klimakris. Mee wann ee vu lauter Beem, oder Krisen, de Bësch net méi gesäit, besteet d’Roll vun der Politik doran Iddien a Proposen op den Dësch ze lee fir och des Krisen ze iwwerwannen.
Mir begréissen d’Steiervirschlei vun der LSAP an dësem Kontext, als Jonk Sozialiste fuerdere mir awer zousätzlech Efforten am Sënn vun enger sozialer a virun allem enger nohalteger Steierpolitik. Dofir hunn mir eis zesummegesat an eis Iddien zum Thema Klimasteier-Politik opgeschriwwen:
Fir d’alleréischt muss een ënnersträichen, dass, bis elo, Ëmweltsteieren (taxes environmentales) net per se de But hate signifikativ Recetten an d’Staatskeesen ze spullen. An éischter Linn geet et dorëms d’Verhale vun der Bevëlkerung ze influenzéieren an zu engem méi nohaltege Verhalen ze incitéieren. Kuckt een sech d’Steierrecetten am europäesche Verglach hunn, hëlt Lëtzebuerg mat 1,7% vum PIB un CO2-Steiere manner an ewéi den Duerchschnëtt an der Europäescher Unioun (2,5%).
Am Sënn vun der Klima- a Generatiounegerechtegkeet gleewe mir un de System vum Pollueur-Payeur, i.e. deen dee vill verbraucht soll och méi bezuelen. An awer si mir der Meenung dass déi Leit déi vlait proportionell méi verbrauche, well se soss keng aner Wiel hunn, ënnerstëtzt musse ginn. Duerfir fuerdere mir:
• Eng successiv Erhéijung vun der CO2-Steier, dëst mam But de CO2-Präis un de réele Marchéspräis unzepassen.
• Kompensatioune fir déi Leit déi se wäerte brauchen. Mir fuerdere Chèque Énergien, änlech zum Konzept vun de Chèque Repasen, déi dofir solle benotzt ginn Energiekäschten oofzefiederen. Mir gesinn d’Kompensatioun duerch weider Crédits d’Impoten dei net un ekologesch Konditioune gebonne si kritesch. Eng Mesür ewéi d’Chéques Energien sollen dozou bäidroen e méi nohaltegt Verhalen an der Gesellschaft ze provozéieren. Des Mesür soll net dofir geduecht si mat der Hëllef vu méi Suen déi gesamt Kafkraaft an d’Luucht ze setzen. En änlecht Konzept zu de Chéques Energie gëtt et zum Beispill schonn a Frankräich.
• Eng Erhéijung vun der Autossteier. D’Keefer vu Luxus-Autoen an Autoe matt héijer Leeschtung a CO2-Verbrauch sollen esou hire Beitrag droen.
• Finanziell Entlaaschtunge fir Betriber déi noweislech hier Emissioune konnten erofsetzen. Dëst fir en Incentive am Kader vun der CO2-Besteierung ze setzen. Et soll net drëm goen d’Betriber nëmme bezuelen ze di mee se bei hirer ekologescher Transitioun ze ënnerstëtzen.
• Eng Erhéijung vun de Subside vir Gemengen déi Projete realiséieren déi klimafrëndlech an/oder konform si mat de Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft (Economie circulaire).
Et geet awer net nemmen dorems Steieren eranzehuelen. Mei wichteg ass et sech och ze iwwerleen waat een matt deenen Suen mescht. Mir sinn der Meenung dass dei erzielten Sommen deenen zoukommen mussen dei se och wierklech brauchen. Sief et engersaits fir d’Käschten och an Zukunft weider kennen ze droen, aaneressaits awer och fir dofir ze suergen dass jiddereen d’Meiglechkeet huet kënnen un der ecologëscher Transitioun deelzehuelen.