Projet d’Espace de Dialogue de jeunes de la Grande Région

  1. Oktober Stad Lëtzebuerg

Ënnert der aktueller Presidence vun der Groussregioun ass en vun den Haaptsujeten « La jeunesse dans la Grande Région ».

Am Oktober hate mir soumat d’Méiglechkeet un enger éischter « Rencontre des jeunes de la Grande Région » hei zu Lëtzebuerg deel ze huelen.

Em déi 30 jonk Erwuessener aus der Lorraine, der Wallonie, dem Saarland, dem Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg hunn a Clausen zesumme fonnt fir sech iwwer d’Grande Région auszetauschen.

Ugefaange mat engem Workshop iwwer d’Groussregioun, d’Raison d’être an de Fonctionnement vun der Grande Région hunn mir dann zesummen Iddien ausgeschafft wéi esou een « Espace de dialogue » fir Jonker an der Groussregioun ausgesi kéint.

Mir hunn eis gefrot wéi esou een Espace de dialogue funktionéieren kéint, wéi kann en déi Jonk aus der Groussregioun zesumme bréngen kéint a wéi en deene Jonken eng Stëmm am Kader vun der Groussregioun kéint ginn.

Fir d’Groussregioun méi siichtbar fir méi jonk BiergerInnen ze maachen an Jonker aus allen Regiounen zesummenzebrénge war eng Iddi zum Beispill en Musek- a Konschtfestival ze organiséiere wou en KënschtlerInnen, SängerInnen a Bands aus deenen ënnerschiddleche Regioune kéint zesumme bréngen. Dat géing vill Jonker unzéien an d’Méiglechkeet bidden déi aner Regiounen an hier Kultur besser kennen ze léieren.

En anert d’Zil ass et och sech reegelméisseg mat Politiker aus der Groussregioun auszetauschen an hinne Projeten am Kader vun der Groussregioun virzestellen.

Et war eng flott an interessant Erfarung sech mat Jonken aus eisen Nopeschregiounen iwwer verschidden Sujeten wéi beispillswéis d’Mobilitéit oder den Aarbechtsmaart  an der Groussregioun auszetauschen, an aner Iddien a Meenungen iwwer d’Groussregioun kennenzeléieren.

Mir freeën eis op dat nächst Zesummekommen am Kader vum Espace de dialogue des jeunes vun der Groussregioun!

Jil Feipel

Dylan Ferreira