De 24.04 war eng Table ronde vum 100,7 zum Thema Auslännerwahlrecht an der Chambre de Commerce organiséiert.
Et war e ganz interessanten Debat, deen net nëmmen um Podium zu JO an NEE equilibréiert war, mä och am Publikum. Als Invitéë waren do den Vize-Premier Etienne Schneider (LSAP), de CSV-President Marc Spautz, de CGFP-Generalsekretär Romain Wolff an de Jean-Jacques Rommes, Generaldirekter vun der UEL. Et goufen och eng Partie Interventiounen aus dem Publikum, déi zum groussen Deel ganz interessant waren, zum Deel awer och wéit hiergeholl. Souwuel den Jimmy huet sech zu Wuert gemellt wéi och d´Noémie konnt seng Erfahrungen anbréngen, wéi et ass, iwwert 10 Joer an engem anere Land ze liewen, integréiert ze sinn an do net wielen ze kennen.
Nolauschtere kenn der den Debat hei.