D’Kriis dierf net um Réck vum Gesondheetspersonal ausgedroe gi duerfir ruffe mir d’Employeure dozou op, hiert Personal net nach méi ze iwwerlaaschten. Déi héich Unzuel un Iwwerstonnen déi elo nach zousätzlech(!) erméiglecht gëtt, sollt net besteiert ginn. De soziale Bäitrag vun dëse Leit ass grouss genuch! Komm mir sinn all sozial a feiere réischt dann, wann d’Pandemie eriwwer ass, an dann och richteg.
Articles
Wann et em Belästegung vun Fraen geet, gëtt am Moment oft esou diskutéiert, dass dat dach waer well si ze kuerz Juppen, ze enk Boxen oder een ze déiwen Dekolletee haten. Oft gëtt et dann esou duergestallt, wei wann d‘Fraen duerch hiert “Outfit” wollten, dass si belästegt oder ugepaakt ginn. Ëmmer erëm gëtt bei esou Virfäll be-haapt, dass wann een esou ugedoen ass, een sech esou eppes erwaarden kann oder muss.