Et brauch endlech voll Transparenz ronderëm d’Käschte vum Trounwiessel

De ganze Weekend sinn uechtert Land Festivitéiten organiséiert fir den neie Grand-Duc ze feieren. Mee: kee wëll oppen duerleeën, wat dat Ganzt kascht. D’Feierlechkeete ginn zum groussen Deel mat ëffentleche Sue finanzéiert. Suen, déi also der Allgemengheet gehéieren. Dofir huet d’Allgemengheet eiser Meenung no och e Recht drop, präzis ze wëssen, wéi vill vun den ëffentleche Mëttelen der groussherzoglecher Famill fir hir « Fiesta » zur Verfügung gestallt ginn.
Dass d’Buergermeeschtesch vun der Stad, d’Lydie Polfer, seet, si géif déi genau Montanten net esou genau kennen a géif de finale Montant eréischt no de Feierlechkeeten nennen, ass e Skandal.
Als Jonk Sozialiste stelle mir eis souwisou d’Fro, firwat d’Feierlechkeete vun der Allgemengheet musse bezuelt ginn. Sollten d’Festivitéite ronderëm den eegenen Trounwiessel net logescherweis vun der groussherzoglecher Famill selwer gedroe ginn? Wier et net un der groussherzoglecher Famill hire Leit d’Volleksfester am ganze Land ze finanzéieren?
Mir liewen am Moment an immens onsécheren Zäiten. D’Leit suergen sech ëm hir Aarbechtsplaz, grad Jonker hu Schwieregkeeten eng Wunneng ze fannen a fillen sech oft vun der aktueller ëmmer-méi-opkommender Krichsrhetorik erdréckt. D’Monarchie, an dat mat Hëllef vun ëffentleche Gelder, weist alt erëm ewéi wäit fort si vun den alldeegleche Problemer vun de Leit sinn – deene Leit déi si jo anscheinend solle vertrieden.
Dofir fuerdere mir als Jonk Sozialisten:
•
Voll Transparenz iwwert d’Käschte vum Trounwiessel
•
Eng breet gesellschaftlech Diskussioun iwwert d’Roll vun der Monarchie am Joer 2025.
Eist Land brauch keng ontransparent Feierkultur fir eng on-demokratesch Institutioun.

0 réponses

Laisser un commentaire

Participez-vous à la discussion?
N'hésitez pas à contribuer!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *