Den Zougang zu de Wahlen ab 16. Joer op fräiwëlleger Basis ass e Schrëtt an déi richteg Richtung. Déi Jonk sollen aktiv mathëllefe kënnen a Verantwortung fir hir Zukunft iwwerhuelen.
Un eis ass et de 7. Juni beim Referendum si dobäi ze ënnerstëtzen an hinnen dat néidegt Vertrauen entgéintzebréngen.
Mat engem klore Jo fir d‘Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer kann all Wieler der Zukunft eng Chance ginn!