Lëtzebuerg war ëmmer e Land wat seng auslännesch Matbierger mat oppenen Ärem opgeholl huet an dat wäert och esou bleiwen.

Leider gëtt et eng bestemmten Zuel un Leit zu Lëtzebuerg déi duerch hier Astellung a friemefeindlech Aussoe probéieren e schlecht Bild vu Lëtzebuerg an op alles dat wat Generatioune virdru geleescht hunn ze maachen.

Et sinn och déi selwecht Leit, déi mat dësen Aussoen am Kader vun der Walcampagne fir de Referendum Haass an Angscht verbreeden an evitéieren sou all konstruktiven Debatt.

Mer stelle och fest dat déi Kampagne géint Net-Lëtzebuerger déi hei ze Lëtzebuerg hiert Doheem hunn a géint Frontalieren déi hei schaffen ëmmer méi op sozialen Netzwierker een Zoulaf kritt a leider och vill Präsens an de Medien huet.

Mat eise Videoe wollte mer opmierksam maachen dat esou banal Argumentatioune schiedlech sinn an net zu enger konstruktiver Debatt gehéieren. Panik an Angscht verbreede bréngt kengem eppes an dat däerf op kee Fall Iwwerhand huelen an ee schlecht Bild op Lëtzebuerger werfen.

Et gëtt kee Grond fir deene Leit déi hiert Doheem zu Lëtzebuerg hunn a wëlle wiele goen d’Wahlrecht ze verbidden.

Awunnerwahlrecht ass ee vun de Moyens fir d‘Integratioun besser kënnen weiderzedreiwen an zousätzlech Motivatioun fir d‘lëtzebuerger Sprooch ze leieren.

Hei ass den 2. Deel vun eisem Video zum Awunnerwahlrecht “De Politiker”.

Hier Gebraddels ass net eise Kapital.


Directed by Bianca JMontobbio