D’Jonk Sozialisten stellen sech am Kader vun der Affaire ronderëm den héije Beamten aus dem Tourismus-Ministère deen och Kandidat fir d’CSV bei de Chamberwahle war, e puer generell Froen. Nieft dem Disziplinarverfahren wat géint de concernéierte Beamte leeft, wëll en am Ministère Donnéeën iwwer Wieler aus dem Süde recherchéiere gelooss an duerno de potentielle Wieler Wahlkampf-Post geschéckt soll hunn, hätte mir gären a folgende Punkte Kloerheet:

  1. No RTL-Informatioune soll et sech och net nëmmen ëm e méigleche Mëssbrauch vum Dateschutzgesetz gehandelt hunn, mä doriwwer eraus soll och angeblech en anere Mataarbechter vum Ministère chargéiert gi sinn, eng Traductioun vu Kapitelen aus dem CSV-Wahlprogramm ze maachen.  Entsprécht dëst der Realitéit, a ginn et och nach aner Fäll wou de Verdacht besteet, dass Beamten a Ministèren am Interesse vun der CSV resp. hire Kandidaten Aarbecht verriicht sollen hunn?
  1. Sollten sech d’Verdächtegung géint de Beamte bestätegen, stellt sech och d’Fro ob d’Regierung et net opportun géif fanne gewuer ze ginn, ob déi fréier Ministesch fir Tourismus dovunner Bescheed wosst. Schliisslech hunn d’Ministesch an hire Beamten fir déi selwecht Partei de Wahlkampf bestridden.