Et geet elo duer! Eis Iddien fir e Wee aus der Logementskris

Vill ze laang hunn mer scho mussen op eng konkret Äntwert vun der Regierung op d’Logementskris waarden. Eis als Jonken maachen déi rezent Entwécklungen um Wunnmarché Angscht an mir erwaarden eis Äntwerten dorop an der Ried zur Lag vun der Natioun vum nächsten Densden. An der Corona-Kris huet een gesinn wei schnell an drastesch Mesuren hunn kennen geholl ginn. Esou muss elo hei an dëser Wunnengskris gehandelt ginn. Mir gesinn eis als Jugendorganisatioun eben och als Sproochrouer vun deenen Jonken, sief et an eiser eegener Partei mee och an der Gesellschaft. Dofir hunn mir als Jonk Sozialisten  eis zesummegedoen an eis Fuerderung fir d’Ried zur Lag vun der Natioun verfaasst.  Zesummen fuerderen mir Folgendes:

Méi Invest, manner Spekulatioun

  • Eng Reform an Erweiderung vun der Grondsteier: Mir fuerderen eng national Spekulatiounssteier op elengstoenden Terrainen. Des huet als d’Duerchschnëttspräisser aus der jeeweileger Gemeng als Basis an beleeft sech op 10%.
  • Den Leerstand muss méi staark besteiert ginn. Dobäi fuerderen mer d’Aféieren vun enger Mietpflicht déi Zesummen mat de Gemengen soll ëmgesat ginn.
  • Steiervirdeeler beim Invest an d’Immobilien, ewéi z.B den Ammortissement Accéléré sollen ofgeschaaft ginn.
  • Den Invest aus dem Ausland andämmen an en un definéiert Critèren bannen.

De Staat als wichtegen Acteur um Wunnmarché

  • Dat wat mam Pacte Logement 2.0 elo iniziieiert gouf muss onbedéngt weider gefouert ginn. De Staat muss bei gréisseren Bauprojeten sech onbedéngt weider en Pourcentage un Wunnengen sécheren an déi zu abordabelen Präisser un d’Leit weider ginn. Obwuel mir der Meenung sinn, dass 30% Sozialwunnengen, ewéi am Koalitiounsprogramm ugekënnegt, an den neien PAP’en onbedéngt néideg gewiergt wieren, begréissen mir natierlech trotzdeem des Mesure. Mee mir gesinn se als Ufank.

De Loyer als ekonomesch Alternativ

  • Mir wëllen en zäitlech begrenzten an inflatiounsberengegten Mietenstopp fir dass d’Loyeren net genau esou staark un-an nozéien ewéi d’Kafpräisser. No dëser Zäit dierfen d’Präisser nëmmen nach all 5 Joer em e gewëssenen Prozentsaz klammen.
  • Reform vum Mietgesetz.
  • D’Loyeren sollen nom hollänneschen Modell definéiert ginn.
  • Steierlech Ureizer ginn fir seng Wunneng an d’Gestion Locative Sociale (GLS) ze ginn.

Den detailléierte Positiounspabeier fënnt hei ënnendrënner: