D’Jonk Sozialisten hunn op hirem Kongress läschten Weekend eng nei Spëtzt gewielt.
D’Mélissa ANTUNES DE MAGALHÃES (Bissen, 26 Joer) an den Olivier CANO (Steesel, 27) iwwerhuelen, mat iwwert 90% vun de Stëmmen, d’Funktioun vun der Presidence. De Mehmed KUČ (Schieren, 30) ass och mat iwwer 90%, als neien JSL-Generalsekretär designéiert ginn.
Gemeinsam mam Nationalbüro wäerten si d’Geschécker vun der JSL leeden an dofir suergen dass d’JSL och weiderhin eng staark Stëmm fir eng progressiv Politik an der LSAP an am Land bléift.
D’Jonk Sozialiste soen dem Max Molitor, dem Danielle Filbig (Ex-CoPresidenten) an dem Maurice Schwarz (Ex-Generalsekretär) e grousse Merci fir hiert Engagement iwwert déi läscht Joren. Ënnert hirer Féierung huet d’JSL signifikativ zu der Erneierung vun der LSAP bäigedroen.
No enttäuschend COP30: Jonk Sozialisten fuerderen eng Luxusstéier op Privatjette
Laut UNO stéiert d’Äerderwäermung op 2,8°C zou, wäit fort vum 1,5°C Zil wat virun zéng Joer zu Paräis op der COP decidéiert gouf. D’Resultater vun der COP30 sinn enttäuschend an änneren näischt dorunner dass d’Quantitéit vun Zerrenhausgasen kontinuéierlech an d’Luucht geet.
An dem Kontext ass et schwéier ze akzeptéieren dass an enger Klimakris d’Unzuel vun de Privatjetten déi vu Lëtzebuerg aus starte kontinuéierlech an d’Luucht ginn. Am Joer 2022 goufen hei am Land 2.767 Flich registréiert, e Plus vu 67 % par rapport zur 2021. Privatjet stousse laut enger Etude vu CE Delft 5 bis 14 Mol méi Emissioune pro Persoun aus wéi ee kommerzielle Fluch.
Wärenddem d’Bierger ëmmer reegelméisseg invitéiert ginn hiert d’Verhalen ze änneren an een Effort ze maache fir zur Klimatransitioun bäizedroen, mécht eng kleng Minoritéit vun iwwerräiche mat hirem ultraschiedlechen verhalen einfach virun.
No dem Echec vun der COP30 muss Lëtzebuerg ee staarkt Zeeche setzen.
Dofir fuerdere déi Jonk Sozialisten eng gestaffelt Luxusstéier vun 300€ bis 2000€ pro Passagéier vun engem Privatjet déi vu Lëtzebuerg aus starten. Donieft soll sech Lëtzebuerg op europäeschem an internationalem Niveau asetze fir eng koordinéiert Besteierung vu Privatjetten.
De Montant ass orientéiert un der franséischer Stéier op Privatjetten. Wat de Fligermodell méi ëmweltschiedlech ass, an d‘Distanz méi laang, wat de Montant vun der Stéier soll méi héich sinn. Dës Mesure soll sech net op Hobbyfliger/Sportsfliger applizéieren.
Esou eng Stéier kéint all Joers méi wéi 2,5 Milliounen Einnamen an d’Staatskeess bréngen a kéint zum Beispill Programmer déi de lokalen Tourismus ënnerstëtze finanzéieren oder an d’Entwécklungshëllef investéiert ginn. Weltwäit gëtt geschätzt dass esou eng Luxustéier kéint all Joer 40 Milliarden Dollar eranbrengen. Donieft géif esou eng Stéier ee kloer Präissignal setze géint een ultraschiedlecht a privilegéiert Transportmëttel.
Dës Stéier ass ee kloert Zeechen: An enger Klimakris muss jidderee säi Verhalen änneren. Et geet net dass eng iwwerräich Minoritéit einfach viru mëscht wéi wann näischt wier.
Et brauch endlech voll Transparenz ronderëm d’Käschte vum Trounwiessel
De ganze Weekend sinn uechtert Land Festivitéiten organiséiert fir den neie Grand-Duc ze feieren. Mee: kee wëll oppen duerleeën, wat dat Ganzt kascht. D’Feierlechkeete ginn zum groussen Deel mat ëffentleche Sue finanzéiert. Suen, déi also der Allgemengheet gehéieren. Dofir huet d’Allgemengheet eiser Meenung no och e Recht drop, präzis ze wëssen, wéi vill vun den ëffentleche Mëttelen der groussherzoglecher Famill fir hir « Fiesta » zur Verfügung gestallt ginn. Dass d’Buergermeeschtesch vun der Stad, d’Lydie Polfer, seet, si géif déi genau Montanten net esou genau kennen a géif de finale Montant eréischt no de Feierlechkeeten nennen, ass e Skandal. Als Jonk Sozialiste stelle mir eis souwisou d’Fro, firwat d’Feierlechkeete vun der Allgemengheet musse bezuelt ginn. Sollten d’Festivitéite ronderëm den eegenen Trounwiessel net logescherweis vun der groussherzoglecher Famill selwer gedroe ginn? Wier et net un der groussherzoglecher Famill hire Leit d’Volleksfester am ganze Land ze finanzéieren? Mir liewen am Moment an immens onsécheren Zäiten. D’Leit suergen sech ëm hir Aarbechtsplaz, grad Jonker hu Schwieregkeeten eng Wunneng ze fannen a fillen sech oft vun der aktueller ëmmer-méi-opkommender Krichsrhetorik erdréckt. D’Monarchie, an dat mat Hëllef vun ëffentleche Gelder, weist alt erëm ewéi wäit fort si vun den alldeegleche Problemer vun de Leit sinn – deene Leit déi si jo anscheinend solle vertrieden. Dofir fuerdere mir als Jonk Sozialisten: • Voll Transparenz iwwert d’Käschte vum Trounwiessel • Eng breet gesellschaftlech Diskussioun iwwert d’Roll vun der Monarchie am Joer 2025. Eist Land brauch keng ontransparent Feierkultur fir eng on-demokratesch Institutioun.
Dat virun deem mir als Jonk Sozialisten an de läschte Wochen a Méint ëmmer erëm gewarnt hunn, ass genau esou agetrueden. Op eng komplett onsolidaresch Aart a Weis gëtt de Generatiounevertrag opgebrach. Leit déi kuerz virun oder schonn an der Pensioun si brauchen nëmmen näischt ze fäerten. Jonker, déi haut ufänke mat schaffen, wëssen awer säit gëschter: si musse méi laang schaffe goen an dat fir eng manner héich Pensioun.
Den Niewesaz, an deem de Premier seng Pläng op eng onverständlech Aart a Weis presentéiert huet, sinn Dynamit fir den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Jonk Leit sinn alt erëm déi, déi zeréckstieche mussen, dat an engem Moment wou grad hir Zukunftsperspektiven esou onduerchsiichteg sinn ewéi dat nach bei wéinege Generatioune virdrun de Fall war.
Donieft ass déi erzwongen Erhéijung vum Pensiounsalter och sozial ongerecht. Si trëfft virun allem déi Leit, déi kierperlech ustrengend Aarbechte maachen an doduerch och eng manner héich Liewenserwaardung hunn. Dat ass brutal an inakzeptabel.
Déi 5 Jugendparteien (CSJ, Jonk Demokraten, déi Jonk Gréng, déi Jonk Lénk an d’ Jonk Sozialisten) haten uganks Mäerz kloer gestallt, dass mir zu 5 um Prinzip vun de 40 Annuitéite festhalen.
Als Jonk Sozialiste wäerte mir eis géint d’Pläng vun der Regierung wieren an halen eis et net vir eegen Aktiounen, elleng oder a Koordinatioun mat anere Jugendorganisatiounen, ze starten fir eis Onzefriddenheet iwwert d’Politik vun der CSV-DP Regierung ze weisen.
https://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2025/05/Copy-of-Copy-of-Copy-of-Copy-of-JSL-goes-EU-Parlament-Instagram-Post-Square-1080-x-1350-px.png13501080JSL Adminhttps://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2021/01/JSL_White_SL-300x150.pngJSL Admin2025-05-29 11:33:222025-05-29 11:33:22Eng Pensiounsreform géint déi Jonk
Danielle Filbig nei Co-Presidentin vun der JSL – Max Molitor a Maurice Schwarz op hire Posten fir e weidert Joer confirméiert.
Um Kongress vun de Jonke Sozialisten, de 15. Mäerz zu Mertert am Centre Culturel, gouf eng nei Co-Presidentin gewielt. Nodeems d’Izabela Golinska wärend dem leschte Joer aus beruffleche Grënn huet missen demissionéieren, konnt d’Danielle Filbig zesumme mam Max Molitor eng Majoritéit vun der Stëmmen hannert sech versammelen. Donieft ass och de Maurice Schwarz als Generalsekretär op sengem Poste confirméiert ginn. Den erneierten Nationalbüro zesumme mat der neier Kontrollkommissioun fannt dir ugespéngelt am Dokument.
„Déi Jonk an hir Suergen eescht huelen“ esou de President vun der JSL Max Molitor a senger Ried um Kongress. Den Ausbléck an d’Zukunft wier fir déi Jonk am Moment éischter schwiereg. D’Resultater vun der Polindex-Etude, déi gewisen haten dass d’Vertrauen an d’Demokratie grad bei deene Jonke géif zeréckgoen, wier en Ausdrock vun der Onzefriddenheet vun deene Jonke mat der aktueller Politik. Am Moment géif d’Politik an hir Vertrieder et net fäerdeg bréngen déi Themen, déi déi Jonk interesséieren, ambitiéis unzegoen. Hei huet de Max Molitor och seng eege Partei an d’Flicht geholl. Nëmmen wann een et géing hikréien en ambitiéise Plang fir d’Zukunft duerzeleeën, deen d’Suerge vun de schaffende Leit eescht hëlt, kéint ee bei nächste Walen erëm eng richteg demokratesch Alternativ duerstellen. Donieft ass de Max Molitor och op déi rezent Oprëschtungs-Annoncen agaangen. Fir d’JSL wier kloer: de Finanzement dierft net iwwer Kierzunge beim Sozialstaat oder bei zukünftegen néidegen Infrastruktur-Projete gereegelt ginn.
De Generalsekretär Maurice Schwarz huet déi gutt Zesummenaarbecht mat eise Bezierker, eise Sektiounen a mam Nationalbüro gelueft. Et wiere kruzial Zäite fir eis Partei, hei zu Lëtzebuerg an an Europa. A Momenter an deene konservativ Parteien ëmmer méi de Schëllerschloss mat Rietsextremen a Faschiste sichen, wier et wichteg fir seng Valeuren anzestoen. Fir eis als Jusoen ass op alle Fall kloer: Ni mat Riets! Déi Resolutioun déi e Sonnden um LSAP-Kongress unanime ugeholl ginn ass, war an deem Kader och um Kongress vun der JSL presentéiert ginn.
Donieft huet de JSL-Kongress och eng Resolutioun unanime gestëmmt déi d’Unerkennung vu Palästina gefuerdert huet. Dës Resolutioun fannt dir och nach eemol en annexe.
https://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2025/05/JSLKongress-35.jpg10001500JSL Adminhttps://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2021/01/JSL_White_SL-300x150.pngJSL Admin2025-05-29 11:29:472025-05-29 11:29:59Danielle Filbig nei Co-Presidentin vun der JSL
“Ech si mer sécher datt de Max an ech eng nei Dynamik bei de Jonke Sozialisten era brénge. Et ass wichteg der sozialistescher Jugend eng staark Stëmm ze ginn: et geet an der Politik em eis Welt an där mir Muer liewen”, sou di nei Presidentin Izabela Golinska (30 Joer) gëschter um Nationalkongress vun de […]
https://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2023/02/jsl-kongress-2023.jpg6252542JSL Adminhttps://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2021/01/JSL_White_SL-300x150.pngJSL Admin2023-03-14 14:24:562023-03-14 15:31:26Izabela Golinska & Max Molitor nei Präsident:inne vun de Jonke Sozialist:innen
https://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2022/07/Image-diOS.png20482048JSL Adminhttps://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2021/01/JSL_White_SL-300x150.pngJSL Admin2022-07-14 16:01:112022-07-14 18:41:18Prise de Position am Kader vun der Steierdebatt
Dans un contexte d’augmentation des prix des énergies ayant ainsi impacté les prix des denrées alimentaires et par conséquent le pouvoir d’achat des ménages, il est absolument nécessaire que le Ministère de l’Énergie prenne des mesures pour contrecarrer la flambée des prix de l’énergie. Malheureusement, l’État luxembourgeois reste le seul ….
https://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2022/02/Sozialen-Tariff.jpg20482048JSL Adminhttps://www.jsl.lu/wp-content/uploads/2021/01/JSL_White_SL-300x150.pngJSL Admin2022-02-08 19:45:352022-02-08 19:47:34Pressecommuniqué : Héich Energie Präisser